Naturschutzgebitt Sporbaach
Ausgesinn
| Land | Lëtzebuerg |
|---|---|
| Plaz | Wëntger |
| Fläch | 99,25 ha |
| Nationalcode | ZH10 |
| Koordinaten | 50°5'1,50"N, 5°53'55,18"O |
| Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
| Geschützt zanter | 28. Februar 2017 |
|
| |
D'Naturschutzgebitt Sporbaach ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an der Gemeng Wëntger, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 28. Februar 2017 geschafe gouf.[1]
Et ass e Fiichtgebitt, op enger Fläch vun am Ganzen 99,25 Hektar, ronderëm den ieweschte Laf vun der Sporbech, e lénksen Niewefloss vun der Trëtterbaach. Den CR333 duerchschneit et op enger kuerzer Distanz.
D'Naturschutzgebitt Sporbaach ass en Deel vun den Natura-2000-Zonen Troine/Hoffelt – Sporbaach (LU0001043) a Vallée de la Tretterbaach et affluents de la frontière à Asselborn (LU0002002).[1]
