Naturschutzgebitt Kaasselslee-Zol

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt
Kaasselslee-Zol
Land Lëtzebuerg
Plaz Fëschbech, Hengescht
Fläch 86,50 ha
Nationalcode RF12
Koordinaten 50°4'14,30"N, 6°6'59,47"O
Geschützt zanter 22. Mäerz 2017


D' Naturschutzgebitt Kaasselslee-Zol (Kasselslay-Zogel) ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an der Gemeng Klierf, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 22. Mäerz 2017 geschafe gouf.[1]

Et ass e Bëschgebitt, op enger Fläch vun am Ganzen 86,50 Hektar, op der Knupp Laschet, ronderëm déi an engem géien an déiwen Dall d'Our eng Schleef mécht, an déi am Südweste vun der Stroumbaach déi do an d'Our leeeft begrenzt gëtt. E klengen Deel läit och nach tëscht dem rietsen Uwänner vun der Stroumbaach an dem lénkse vun der Kënzelbaach. Et läit knapps 4 Kilometer ëstlech vu Fëschbech.

De Bësch ass e Mëschbech vum Typ Luzulo-Fagetum (Hainsimsen-Buchebësch), a laanscht d'Häng vum Typ Tilio-Aceretum (Lannen-Ahornbësch). Rar Déierenaarten, wéi den Europäeschen Iltis, d'Wëll Kaz, de Roude Schéierschwanz, den Harespelsfrësser an aacht Fliedermaisaarte sinn do ze fannen.[2]

D'Naturschutzgebitt Kaasselslee-Zol ass en Deel vun der Natura 2000-Zon Vallée de l'Our de Ouren à Bettel (LU0001002).[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Règlement grand-ducal du 22 mars 2017 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle, la zone « Kasselslay-Zogel » sise sur le territoire de la commune de Clervaux.
  2. Avis vun der Chambre de Commerce vum 20. Januar 2017 zum Projet de règlement grand-ducal déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle la zone «Kasselslay-Zogel» sise sur le territoire de la commune de Clervaux.