Roude Schéierschwanz

Vu Wikipedia
Roude Schéierschwanz
E Roude Schéierschwanz

E Roude Schéierschwanz
E Roude Schéierschwanz
Aner Sproochen: de: Rotmilan
fr: Milan royal
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Ënnerklass Passerae
Uerdnung: Gräifvullen
Famill: Accipitridae
Gattung: Milanen (Milvus)
Wëssenschaftlechen Numm
Milvus milvus
Carl von Linné, 1758
En Ee vum Schéierschwanz

De Roude Schéierschwanz oder Roude Milan (Milvus milvus) ass e Gräifvull aus der Famill vun den Accipitridae. D'Aart ass iwwer ganz Europa verbreet. Zu Lëtzebuerg ass se mat ronn 90 Bruttkoppele vertrueden (Stand 2015).

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Brutt[änneren | Quelltext änneren]

Kascht[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg ass de Roude Schéierschwanz iwwer d'ganzt Land verbreet, wou en tëschent Abrëll a Juli britt. Duerno verloosse se hiert Bruttgebitt fir op der ibeerescher Hallefinsel z'iwwerwanteren.[1] Ausnamsweis sinn awer och vereenzelt Exemplaren am Wanter ze gesinn: dat si Vullen aus nordëstleche Géigende vun Europa, déi iwwer Lëtzebuerg zéien oder am Land de Wanter oder en Deel vum Wanter verbréngen[1]

Zanter 1997 gëtt zu Lëtzebuerg d'Bruttpopulatioun vum Roude Milan systematesch ënnersicht. Dobäi gouf festgestallt, datt d'Zuel vun de Bruttterritoiren − d. h. Gebidder an deenen en Horst oder awer eng Bruttkoppel vum Roude Milan gesi gouf − vu 46 (1997) op 90 (2015) geklommen ass.[2] D'Zouhuelen ass net op eng geographesch Ausbreedung zeréckzeféieren, mä op eng Verdichtung vun de Bruttgebidder déi scho virdru besat waren.[2]

Et gëtt ugeholl, datt de Roude Milan zu Lëtzebuerg vun der intensiver Exploitatioun vun de Méiwise profitéiert, well déi Wise wéinst der Produktioun vu Silofudder dacks geméit ginn, fënnt de Roude Milan do räiche Kascht, virun allem blesséiert oder doudeg Mais, Vullen a wierbellos Déieren, dat besonnesch wärend der Zäit an där déi Jonk gefiddert ginn. Do wou d'Wisen an Akerland transforméiert ginn, hëlt d'Populatioun vu Roude Milanen of.[2]

Gefore fir de Roude Milan si virun allem d'Pestiziden an der Landwirtschaft an d'Wandrieder fir d'Produktioun vun elektreschem Stroum. De Monitoring vum Roude Schwéierschwanz gëtt paralell zur Konstruktioun vu Wandmilleparken am Éislek realiséiert.

Am Summer 2012 gouf an der Gemeng Wëntger engem Weibchen e Sender ugehaangen, fir säi Juegdgebitt an och d'Zuchweeër ze verfollegen. Dat Weibchen huet sech bis 2015/2016 all Wanter an der selwechter Géigend op der spuenesch-portugisescher Grenz opgehalen, fir duerno a säi Bruttgebitt op Lëtzebuerg zeréckzefléien. 2015 krute fënnef aner Weibercher e Sender am Éislek ugehaangen.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lorgé, P. & E. Melchior, 2015. Vögel Luxemburgs. 9. Editioun erausgi vun natur&ëmwelt. Roude Schéierschwanz: S. 78.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roude Schéierschwanz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Vögel Luxemburgs S. 78
  2. 2,0 2,1 2,2 Bastian, M., 2015. Soaring kites in Luxembourg... for how much longer? Programm a Resumeeë vun der 33e réunion annuelle des collaborateurs scientifiques du Musée national d'histoire naturelle vum 19. Mäerz 2016.
  3. Centrale ornithologique Luxembourg, 2016. Eine Schwalbe macht noch keinen Sommer. regulus zäitschrëft fir natur&ëmwelt 1/2016, S. 13.