Naturschutzgebitt Brucherbierg-Lallengerbierg

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt
Brucherbierg-Lallengerbierg
Land Lëtzebuerg
Plaz Schëffleng
Fläch 267,02 ha
Nationalcode RD 35
Koordinaten 49°29'32,82"N, 6°0'34,42"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 29. Mäerz 2016
De Lallengerbierg am Wanter (am Hannergrond: Den Zolwerknapp).
Fielswänn, laanscht déi d'Minett ofgebaut gouf.

D' Naturschutzgebitt Brucherbierg-Lallengerbierg ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Schëffleng, Keel an Esch-Uelzecht. D'Bestëmmunge vum Naturschutzgebitt goufen am Règlement grand-ducal vum 29. Mäerz 2016 festgehalen.[1].

Et handelt sech, besonnesch am westlechen Deel, ëm en Areal vun enger fréierer Minière iwwer Dag, wou bis an d'1970er Jore Minette ofgebaut gouf. D'Landschaft besteet aus Fielswänn, Däller, déi mat Steng opgefëllt goufen a planéierten Terrassen. Zënterhier huet d'Natur sech Stéck fir Stéck dës Landschaft zeréckgeholl, an eng ganz Rëtsch Pionéierplanzen, Grieser a Planzen typesch fir Dréchewisen, mä och Déieren, déi gär a Fielssplécke wunnen, kann een do fannen.

Fir datt dat Ganzt net enges Daags komplett nees als Bësch zouwiisst, ginn d'Dréchewise vu Schof ofweede gelooss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nature reserve Brucherbierg-Lallengerbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Règlement grand-ducal du 29 mars 2016 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle, la zone «Brucherbierg-Lalléngerbierg» sise sur les territoires de Schifflange, Kayl et Esch-sur-Alzette Archivéiert op 2016-09-10. Gekuckt de(n) 2016-08-24.