Orchideeën

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Orchideeën
Orchideeën

Orchideeën
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Iwwerofdeelung: Somplanzen
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Liliopsida
Uerdnung: Asparagales
Famill: Orchideeën
Wëssenschaftlechen Numm
Orchidaceae
Juss. (1789)

D'Famill vun den Orchideeën (Orchidaceae) huet méi wéi 25.000 Aarten, opgedeelt an zirka 850 Gattungen, an ass domat, no den Asteraceae, déi zweetgréisst Planzefamill. D'Orchideeë sinn iwwer d'ganz Welt verbreet, mä et ass an den Tropen wou hiren Aarteräichtum am gréissten ass.

Innerhalb vun de Bléieplanzen gehéiere se zu de Monokotyledonen, zu deenen och d'Grieser gehéieren. D'Orchideeë liewen a Symbios mat engem Champignon deen hir Wuerzelen emspënnt a se mat Nierstoffer aus dem Buedem versuergt.

Déi grouss Formen- a Faarwendiversitéit vun den Orchideeëbléien ass entstanen als Upassung un d'Ulackele vu Bestäuberinsekten. Vill vun hire Bléie bilden z. B. eng Landeplaz fir d'Insekten, anerer ginn sou wäit, mat hire Bléieblieder d'Form an d'Fierwung vun engem weiblechen Insekt z'imitéieren fir sou dee betreffende Männchen unzelackelen (z. B. d'Bommel).

Déi ganz Planzefamill krut hiren Numm duerch déi zwou hodefërmeg Wuerzelknolle vun der Gattung Orchis (gr.: ὄρχις „Hoden“).

Kennzeechen[änneren | Quelltext änneren]

Trotz deene ville Kennzeechen déi ee bei den Orchideeë gesi kann, gëtt et der nëmme wéineg déi bei hinnen alleguerte virkommen. Dat erkläert sech doduerch, datt déi eenzel Gattunge verschidden evolutionär Stadien erreecht hunn.

  • Ee Bléieblat (de Labellum) ass vergréissert an an der Form verännert.
  • Dat eenzegt am Laf vun der Evolutioun iwwreg gebliwwe Stëbsblat (Staubblatt) ass mat dem Stempel (weiblecht Organ) zu enger Sail verwuess.
  • D'Pollebeidele sinn zu engem Pak zesumme gewuess.
  • Et gëtt eng grouss Zuel vu ganz klenge Some produzéiert, déi nëmme keime kënne wa se mat engem Champignon verbonne sinn.
  • D'Orchideeëwuerzel lieft an obligatorescher Symbios mat deem Champignon.
  • Während der Entwécklung, virun hirer Entfalung, dréint d'Bléi sech ëm 180° (heiannsdo ëm 360°). Dës Dréiung gëtt als Resupinatioun bezeechent.

Wuesstumsformen[änneren | Quelltext änneren]

Orchideeë wuessen:

Méi wéi d'Hallschent vun den tropeschen Aarte lieft epiphytesch.

Orchideeën zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Eng Coeloglossum viride-Orchidee

Am Land goufe bis haut 46 Orchideeënaarte nogewisen, wouvun awer 10 ausgestuerwe (†) sinn.

Lëtzebuergesch Orchideeëfuerscher (tropesch Aarten)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Mangen, J.-M., G. Colling, J.A. Massard & E. Medernach, 1997. Die Orchideen Luxemburgs. Musée national d'histoire naturelle a Société des naturalistes luxembourgeois. 143 S. Aquarellzeechnunge vum Alan Johnston. (2. geännert Oplo; 1. Oplo 1993). (Mat enger ausféierlecher Bibliographie iwwer d'Erfuerschung vun den Orchideeën zu Lëtzebuerg an och den tropeschen Aarten duerch lëtzebuergesch Botaniker).
  • Reichling, L., 1970. Die Gattung Epipactis in Luxemburg. Jahresberichte des naturwissenschaftlichen Vereins Wuppertal 23: 88-97.
  • Reichling, L. et al., 1975. Die Orchideen des Deutsch-Luxemburgischen Naturparks. Decheniana 127: 261-262.
  • Schlechter, R., 1985-2003. Die Orchideen. 4 Bd. & Regist., Blackwell Verlag, 3. Oplo, iwwerschafft vum Senghas, K.; 1985-2003.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Orchideeën (Orchidaceae) – Biller, Videoen oder Audiodateien