Alan Johnston (Illustrateur)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Alan Johnston, gebuer 1959 zu Zürich ass en Illustrateur, Déieremoler an Taxidermist. Hien ass zu Oxford opgewuess an huet säi Studium um Dyfed College als Illustrateur fir Fauna a Flora absolvéiert. An der Zäit war hien am Optrag vun der Royal Society for the Protection of Birds als Ranger an engleschen a waliseschen Naturschutzbebidder aktiv. Seng Aarbechte sinn an Europa an an den USA erauskomm a goufen an England an an der Schwäiz ausgezeechent. Hien huet véier Joer fir den Natur Musée geschafft, haut ass hie fräischaffende Kënschtler. Eent vu senge Wierker ass de Planzewee Via Botanica zu Lellgen am Kiischpelt.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Alan Johnston: E Joer an der Natur zu Lëtzebuerg, Éditions Saint-Paul, 2. verbessert Oplag 1991.
  • Alan Johnston: Mein kleines Feldbuch, Éditions Saint-Paul, Luxembourg 1995.
  • Aquarellzeechnungen an Die Orchideen Luxemburgs. Musée national d'histoire naturelle a Société des naturalistes luxembourgeois. 143 S. (2. geännert Oplo; 1. Oplo 1993)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]