Op den Inhalt sprangen

Mouvement écologique

Vu Wikipedia
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mouvement écologique
Rechtsform Association sans but lucratif
Ofkierzung Mouveco, Meco
Zweck Ëmwelt- an Naturschutz
Grënnungsdatum 18. Mäerz 1975
Sëtz Lëtzebuerg
  6 rue Vauban L-2663 Lëtzebuerg
President Blanche Weber
Sekretär Roger Dammé
Tresorier Emile Espen
RCS F1036

De Mouvement écologique, och nach Meco[1] oder Mouveco[2] genannt, ass eng lëtzebuergesch Ëmweltschutzorganisatioun, déi 1968 vun enger Rei vu Jugendlechen als Jeunes et environnement gegrënnt gouf. D'Organisatioun trëtt fir de Schutz vun der Natur an der Ëmwelt an, mam Zil vun enger méi grousser Liewensqualitéit.

De Meco ass den 18. Mäerz 1975[3] als Veräin ouni Gewënnzweck (ASBL) gegrënnt ginn[4]. En huet säi Sëtz am Oekozenter Pafendall an der Stad Lëtzebuerg.

De Meco ass ënnert dem Numm Friends of the Earth Luxembourg déi lëtzebuergesch Sektioun vun der internationaler ONG Friends of the Earth international[5].

President vun 1973 bis 2003 war den Théid Faber. Presidentin zanter 2003 ass d'Blanche Weber.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Les propositions du Meco, Artikel am Le Quotidien den 8. Oktober 2018, op pressreader.com, fir d'lescht gekuckt den 11. November 2018
  2. Mouveco fête ses 50 ans op 5minutes.rtl.lu den 29. Oktober 2018
  3. Cf. MOUVEMENT ECOLOGIQUE (ANC.JEUNES ET ENVIRONNEMENT), ASBL op http://www.legilux.public.lu
  4. Cf. d'Statuten am Memorial C 1156: 55460-55462 vum 1. August 2002.
  5. Cf. http://www.foei.org/member-groups/europe/luxembourg