Oekozenter Pafendall

Vu Wikipedia
D'Gebai vum Oekozenter an der Vaubansgaass

Den Oekozenter Pafendall ass en Ëmwelt-Déngschtleeschtungszenter am Déngscht vum Bierger, der Ëmwelt an der Gesellschaft, deen op eng Initiativ vum Mouvement écologique zeréckzeféieren ass. Den Zenter steet am Déngscht vun der nohalteger Entwécklung zu Lëtzebuerg. E bitt eng breet Pallett vu Berodungsdéngschter un, lancéiert innovativ Projeten, an ass aktiv an der Weiderbildung. En huet säi Sëtz an der rue Vauban am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg.

Dréier vum Oekozenter ass de Veräin Oeko-Zenter Lëtzebuerg A.s.b.l., deen d'Gebai am Kader vun enger Konventioun mat der Stad Lëtzebuerg lount.

Den Oekozenter Pafendall ass zënter Mëtt 2014 an engem neie Passivgebai aus Holz ënnerbruecht, an deem nieft Büroen d'Mediathéik Oekobib, Konferenzraim an de Bistro Oekosoph[1] sinn.

Den Oekozenter Pafendall ass de Sëtz vu follgenden Organisatiounen, gréisstendeels ONGen am Beräich vun der nohalteger Entwécklung:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. http://www.meco.lu/fr/oekosoph/