Klima-Bündnis Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

D'Klima-Bündnis Lëtzebuerg ass am Joer 1995 vu verschidde Gemengen zu Lëtzebuerg zesumme mat den Netregierungsorganisatiounen Action solidarité tiers monde (ASTM) a Mouvement écologique (Mouveco) gegrënnt ginn. Zesumme mat de Membergemenge sinn d'ASTM an de Mouveco responsabel fir d'Koordinatioun vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg. Wärend d'ASTM sech virun allem mam Nord/Süd-Theema beschäftegt an de Membergemenge pedagogesch Aktivitéite fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener ubitt, schafft de Mouveco virun allem un Ëmweltproblemer, wéi z. B. CO2-Reduktiounsprojeten an de Gemengen.

Aktuell si 40 Lëtzebuerger Gemengen (Stand Dezember 2022) Member[1]. Fir déi gesaten Ziler z'erreechen, ginn Erfarungen ausgetosch, Virschléi fir Initiative gemaach, gemeinsam Aktiounen duerchgefouert a Sensibiliséierungscampagnen an de Schoulen a Jugendhaiser ugebueden. Donieft wierkt d'Klima-Bündnis Lëtzebuerg och als Spriecher fir d'Gemengen a Saache Klima-, Entwécklungs- an Energiepolitik op nationalem an europäeschem Niveau. Och wann all Gemeng autonom handelt, profitéiert se vun den Erfarungen an Initiative vun deenen anere Memberen zu Lëtzebuerg an an Europa souwéi vun de Partnerorganisatiounen ASTM a Mouveco.

Klima-Bündnis Lëtzebuerg ass ee vun de 4 Partnere vum Klimapakt Lëtzebuerg an ënnerstëtzt an där Funktioun all Gemeng déi Member ass[2].

D'Aarbecht vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg gëtt vun de Lëtzebuerger Ministere fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten an deem fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ënnerstëtzt.

D'Klima-Bündnis Lëtzebuerg huet 2020 seng 25 Joer zu Lëtzebuerg gefeiert[3].

Internationalen Aspekt[änneren | Quelltext änneren]

Klima-Bündnis Lëtzebuerg ass Member vun der Climate Alliance mat Sëtz zu Frankfurt. An deem Kontext ass déi järlech Konferenz CAIC Climate Alliance International Conference am September 2022 zu Hesper ofgehale ginn[4].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. DIE MITGLIEDSGEMEINDEN DES KLIMA-BÜNDNIS LËTZEBUERG
  2. Aktive Unterstützung im Mittelpunkt der Rolle der Klimapakt-Partnerorganisationen
  3. Global denken - lokal handelen : Klima-Bündnis
  4. Rückblick auf die internationale Jahreskonferenz (CAIC22) des Klima-Bündnis in Hesperingen