Lee Trail
Ausgesinn
| |||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Streck: | Ettelbréck - Kautebaach | ||||||||
Distanz: | 53 km | ||||||||
Symbol: |
Den Escapardenne Lee Trail ass e Wanderwee am Éislek tëschent Ettelbréck a Kautebaach, deen den Uschloss vun der Nordstad un den Escapardenne Éislek Trail mécht an iwwer 53 km follgend Etappe virgesäit:
Depart | Arrivée | Distanz |
---|---|---|
Ettelbréck | Buerschter Millen | 17,6 km |
Buerschter Millen | Houschent | 19,6 km |
Houschent | Kautebaach | 15 km |
De Lee Trail gouf den 18. Juni 2015 zu Ettelbréck inauguréiert a krut de Label vun der Europäescher Wandervereenegung vum Vizepresident Armand Ducornet iwwerbruecht.[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Wanderweeër zu Lëtzebuerg
- Éislek Trail
- La traversée des pays et des âges, e lëtzebuergesch-belsche Wanderwee an den Ardennen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Cf. Nouveau: Lee Trail. In Regulus 4 / 2015: 31.