Witry

Vu Wikipedia
Witry
lb: Weltrich
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Neufchâteau
Gemeng Léglise
Koordinaten 49° 51’ 34.86’’ N
      05° 36’ 47.35’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6860

Witry ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Léglise an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zur belscher Gemengereform am Joer 1977 war Witry mat de Sektiounen Traimont, Volaiville a Winville eng eegestänneg Gemeng. Laanscht d'Uertschaft leeft d'Moyémont en Niewefloss vun der Sauer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Um Flouer Rolet gouf e keltescht Graf mat engem Kampfwon entdeckt, an e Graf vun enger Fra an deem eng Torque an eng Agraff fonnt goufen.

Aus der gallo-réimescher Zäit si Reschter vun zwou Villaen um Flouer Les Maisons brûlées a Lestiva fonnt ginn.

Vum spéide Mëttelalter bis zur franséischer Revolutioun war Witry eng Seigneurerie mat den Dierfer Witry, Volaiville, Traimont a Winville. D'Hären déi am beschte bekannt waren, waren déi vun Iewerleng. Den Nicolas vun Iewerleng dee Member vum Siège des nobles vum Herzogtum Lëtzebuerg a vun der Grofschaft Chiny war, hat sech 1583 mat der Marie de Remoiville genannt Lamborel bestuet a 1597 d'Härschaft Witry kaaft. Déi blouf dunn am Besëtz vun der Famill d'Everlange de Witry bis 1783. D'Grafsteng vun der Famill sinn nach an der Kierch vu Witry ze gesinn.

D'Schlass gouf 1807 bei engem Brand zerstéiert an d'Reschter vun de Gebaier goufe verkaaft.

Bibliographie[Quelltext änneren]

  • Léglise, 28 villages au fil du temps, Commission culturelle et sportive de Léglise, 1997.
  • Geubel A. & Gourdet L., Histoire du Pays de Neufchâteau. La ville. La seigneurie. Le ban de Mellier. Duculot, Gembloux, 1956.
  • Hannick P. et Duvosquel J.-M., La carte d’Arenberg de la Terre et prévôté de Neufchâteau en 1609 (avec le ban de Mellier et la seigneurie de Bertrix). Kommentéiert Editioun mat Kaarten (18. bis 20. Joerhonnert), Bréissel, 1996.
Uertschaften an der Gemeng Léglise

Sektiounen: AssenoisÉblyLégliseMellierWitry
Aner Uertschaften: Behême · Bernimont · Bombois · Burnaimont · Chêne · Chevaudos · Gennevaux · Habaru · Lavaux · Les Fossés · Louftémont · Maisoncelle · Naleumont · Narcimont · Nivelet · Rancimont · Thibessart · Traimont · Vaux-lez-Chêne · Vlessart · Volaiville · Winville · Wittimont