Abtei Prüm

Vu Wikipedia
Loftbild vun der Abtei
Déi fréier Abtei an d'Basilika vu Prüm

D'Abtei Prüm war eng Benediktinerabtei zu Prüm.

D'Grënnerin Bertrada vu Mierlebaach (Mürlenbach Eifel)[änneren | Quelltext änneren]

D'Abtei Prüm gouf 721 vun der fränkescher Adeleger Bertrada, zesumme mat hirem Jong Charibert (Heribert), am Dall vu Prüm gegrënnt. Déi éischt Mënche koumen aus der Abtei Iechternach, déi zwanzeg Joer virdru vum Missiounsbëschof Willibrord gegrënnt gi war. D'Bertrada war héchstwahrscheinlech e Meedche vum Irmina vun Oeren. D'Klouschter zu Prüm konnt sech net laang halen, well 752 huet de Kinnek Pippin de Jonken erëm e Klouschter zu Prüm gegrënnt. Dozou huet hie Bridder vu Meaux bei Paräis dohi geruff. De Kinnek Pippin huet e Kandskand vun der Bertrada bestuet. Déi hat de selwechten Numm wéi hir Groussmamm, Betrada - si ass och Berta oder Berthe genannt ginn - a war d'Mamm vum Karel de Groussen.

De Kinnek Pippin[änneren | Quelltext änneren]

D'Benediktiner-Abtei Prüm war enk verbonne mat der Famill vum Stëfter aus dem Haus vun de Karolenger, si waren hiert Haus- a Familleklouschter. Dat kënnt am Stëftungsdokument kloer zum Ausdrock. Do dran heescht et: „Und damit ihr (Mönche) mit Freude für das Heil unserer Seele, unserer Gattin, unserer Kinder und Nachfolger, für den Bestand des ganzen Uns von Gott verliehenen Reiches, für die Erhaltung seiner unverdienten Barmherzigkeit für ewige Zeiten das Erbarmen unseres Herrn Jesus Christus ohne Unterlaß anflehen könnt,... so befehlen Wir, daß kein Bischof und keiner der weltlichen Großen sich um euch zu kümmern hat oder euch belästigen darf: Unsere Erben sollen die Mönche, solange sie nach der Reegel und in Treue gegen Uns und Unsere Erben leben, in Unserem Kloster schützen."

D'Reliquie vun de Sandale vu Christus[änneren | Quelltext änneren]

De Kinnek huet der Abtei eng vun de berüümtstene Reliquie vu senger Zäit geschenkt, déi hie selwer vum Poopst Zacharias kritt huet, d'Reliquie vun de Sandale vu Christus. Dowéinst huet d'Abtei vill Lännereie kritt a war eenzeg an eleng der Geriichtsbarkeet vum Kinnek ënnerstallt.

De Karel de Groussen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Doud vum Kinnek Pippin (768) huet säi Jong, de Karel de Groussen, op d'selwecht Manéier fir d'Abtei gesuergt, déi elo seng Abtei gi war. Et gëtt gesot, hie wier zu Mierlebaach op d'Welt komm. Hien huet déi éischt Salvator-Kierch gebaut. Si war fir d'Versuerge vun der Christus-Reliquie sou wäertvoll ageriicht, datt se „Gëlle Kierch" genannt gouf. Dat Gotteshaus ass no der (net sécherer) Iwwerliwwerung am Joer 799 vum Poopst Leo III. a Presenz vum Karl dem Groussen a sengem Jong Ludwig feierlech ageweit ginn. (Dës Zeen ass duergestellt op engem Bild vum Januarius Zick vun ëm 1780, dat am Chouerraum vun der Salvator-Kierch hänkt.)

De Keeser Lothar I.[änneren | Quelltext änneren]

Den Enkel vum Karl, de Keeser Lothar I., deelt 855 zu Schüller, net allzewäit vu Prüm, säi Räich, huet d'Kroun ofgeluecht an ass als Mënch an der Abtei Prüm agetrueden. Hie stierft kuerz drop a kritt säi Graf virum Héichaltor vun der Abtei.

De Regino an d'Prümer Urbar[änneren | Quelltext änneren]

D'Normannen hunn an de Joren 822 an 892 d'Prümer Klouschter iwwerfall an hunn et ofgebrannt. Wéinst dëser batterer Erfarung huet de Regino vu Prüm vun Altrip bei Speyer – wuel dee bedeitendste Leeder vum Prümer Klouschter – 893 e geneeën Inventaire vun alle Gidder vun der Abtei erstelle gelooss. Dat Verzeechnes – Prümer Urbar genannt – ass an enger Ofschrëft aus dem Joer 1222 zesumme mat engem Kommentar ganz erhalen. Fir de groussraimege Besëtz ze verwalten, hu sechs Filialkléischter zu der Prümer Abtei gehéiert: Revin a Frankräich, Güsten am Rheinland, Münstereifel, Sankt Goar, Klouschter Kesseling op der Ahr an Altrip.

D'Prümer Abtei gëtt e selbstständegt Fürstentum[änneren | Quelltext änneren]

De gudde Ruff an de Besëtz vum Prümer Klouschter ass bis den Ufank vum 13. Joerhonnert gewuess; duerno geet den allgemengen Intressi zeréck. Duerch e Gesetz vum Friedrich II. vun 1220 war d'Abtei Prüm mat hirem Ëmland zu engem selbstständege Fürstentum erhuewe ginn a war mat enger eegener Stëmm am Reichstag (Versammlung vun de Fürsten aus dem Räich) vertrueden. Den Territoire vun der Abtei gouf elo ëmmer méi intressant fir d'Nopeschhären, sou och fir d'Lëtzebuerger, virun allem awer fir d'Kurfürste vun Tréier, déi 1576 an d'Plaz vun den Äbt getruede sinn.

Déi haiteg Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1802 hunn d'Pateren definitiv Prüm verlooss. D'Klouschtergebaier goufe fir d'éischt Sëtz vu verschiddenen Administratiounen, ier se schliisslech ganz un de staatleche Regino-Gymnasium iwwergaange sinn. D'Abteikierch ass d'Parkierch ginn an 1950, nom Neesopbau vun de Gebaier, déi schwéier Krichsschied erlidden haten, an de Rang vun enger Basilika minor erhuewe ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Abtei Prüm – Biller, Videoen oder Audiodateien