Regino vu Prüm

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Regino vu Prüm, gebuer ëm 840 zu Altrip a Rheinland-Pfalz, a gestuerwen 915 zu Tréier, war de siwenten Abt vun der Abtei Prüm, a staamt aus enger räicher Famill vu Groussgrondbesëtzer vun Altrip am deemolege Ga Speyer.

No sengem Openthalt an engem anere Klouschter gouf hien Abt vum Benediktiner-Klouschter Prüm an der Äifel, dat duerch widderhuelt Invasioune vun den Normannen deelweis zerstéiert gi war. Zu senger Zäit gouf 893 de Prümer Urbar opgestallt, eng Zort Inventaire, e wichtegt Dokument fir d'Sozialgeschicht vum Mëttelalter, an deem vill Uertchaften aus der Ëmgéigend fir d'éischt ernimmt goufen.

Am Joer 899 huet de Regino missen op seng Plaz als Abt verzichten, an en huet sech an d'Abtei Sankt Maximäin op Tréier zeréckgezunn. Historiker huelen un, datt et drëm gaangen ass, déi Plaz engem aus enger adleger Famill zouzeschousteren.

De Regino läit am Klouschter zu Tréier begruewen.