Prümer Urbar

Vu Wikipedia

Dat sougenannt Prümer Urbar ass eng Lëscht vun all deene Recetten a Rechter, déi d'Benediktinerklouschter Prüm an der Äifel zegutt hat.

D'Prümer Urbar gouf am Joer 893 ënner dem Abt Regino vu Prüm geschriwwen. D'Original ass net erhale bliwwen, mä et gëtt eng Ofschrëft vum Exabt Caesarius vu Milendonk aus dem Joer 1222, an déi en och nach Ergänzungen a Kommentäre gesat huet. Se besteet aus 57 Säiten, an ass an 118 Kapitelen ënnerdeelt. Dës Ofschrëft gëtt am Landeshauptarchiv vu Koblenz versuergt.

D'Prümer Urbar ass virun allem dofir intressant, well heidran en ettlech Uertschaften a Géigenden an der Äifel, laanscht der Ahr, an der Géigend vu Münstereifel, am Taunus, am Hannerland vu Sankt Goar, a Frankräich, Holland, a Lëtzebuerg a soss doruechter eng éischt Kéier ernimmt goufen.

Uertschaften am Prümer Urbar[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Uertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Bech-Maacher (becghe), Géidgen (godingen), Holler (hunlar), Lëllgen (lullingen), Remerschen (remsere), Réimech (remecke), Schengen (ckeingen), Schwéidsbeng (psuesingen), Stadbriedemes (bridenes), Wäiswampech (wanpahc).

Franséisch Uertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Rodemack (rodenaccere)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Das Prümer Urbar, hrsg. von Ingo Schwab (= Rheinische Urbare 5), Düsseldorf 1983
  • "Das Prümer Urbar" übersetzt und kommentiert von Nikolaus Nösges, in: anno verbi incarnati DCCCXCIII conscriptum. Im Jahre des Herrn 893 geschrieben. 1100 Jahre Prümer Urbar. Festschrift, hrsg. von Reiner Nolden, Trier 1993, S. 17-115 (Übersetzung)
  • D. Hägermann: Eine Grundherrschaft des 13. Jahrhunderts im Spiegel des Frühmittelalters. Caesarius von Prüm und seine kommentierte Abschrift des Urbars von 893. Rhein. Vierteljahresbl. 45, 1981, 1-34.
  • Ludolf Kuchenbuch: Bäuerliche Gesellschaft und Klosterherrschaft im 9. Jahrhundert. Studien zur Sozialstruktur der Familia der Abtei Prüm, Wiesbaden 1978

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]