Op den Inhalt sprangen

Gangolf vun Avallon

Vu Wikipedia
Gangolf vun Avallon
Titel
Biographie
Gebuer 702 jul.
Varennes-sur-Amance
Gestuerwen 760
Avallon
Aner Informatiounen
Statut Helleg
Gedenkdag 11. Mee
Wope vun der Stad Gangloffsömmern
D'Gangolf-Kapell zu Varennes-sur-Amance

Den hellege Gangolf oder Gengoul vun Avallon (lat. Gengulphus) war e burgundesche Ritter aus dem 8. Joerhonnert, deen zur Zäit vum Kinnek Pippin ëmbruecht gouf (ëm 760?). Hie gëtt an der kathoulescher Kierch als Hellegen a Märtyrer ugesinn.

Enges Daags huet de Gangolf, an der Géigend vu Bassigny (Arrondissement Langres) e Buer entdeckt, deen hie kafe wollt. D'Leit waren iwwerrascht, datt hien eng Quell kafe wéilt, déi wäit vu sengem Wunnsëtz ewech louch. Wéi hien nees doheem zu Varennes-sur-Amance war, huet den Hellege säi Staf an de Buedem gestach an direkt koum do Waasser erausgesprëtzt, iwwerdeems de Buer zu Bassigny op eemol dréche war.

Et ass zur Erënnerung un dëst Wonner, datt den Hellege Gangolf dacks mat engem Staf an der Hand ofgebillt gëtt. D'Waasser aus dësem Buer gouf als Wonner ugesinn an et gouf eng Kapell opgeriicht.

Kuerz nodeem hie bestuet war, gouf him gesot, datt seng Far hie mat engem Paschtouer bedrunn hätt, wat si awer ofgestridden huet. Mä de Gangolf huet hir net gegleeft an en huet verlaangt, datt e gëttlecht Urteel gesprach géif: hien huet gefuerdert, datt seng Fra hir Hand an d'Waasser vum Buer zappe sollt. Wéi se hir Hand nees erauszitt, war déi komplett verbrannt. De Gangolf huet hir deelweis verzien an hir souguer d'Hallschent vu senge Besëtztum vermaach, awer si däerf net méi a seng Kummer kommen.

De Paschtouer gouf ausser Landes verbannt, mä déi ontrei Fra huet hiren Amant nees geschwë bei sech geruff. De Paschtouer koum erbäi, huet de Gangolf ermuert a sech mat senger Libhaberin duerch d'Bascht gemaach.

Kuerz drop solle sech um Graf vum ermuerte Gangolf Wonner ofgespillt hunn. Wéi seng Fra dat héieren huet, huet si doriwwer de Geck gemaach: „De Gangolf mécht grad esouvill Wonner wéi mäin Hënner Lidder séngt.“ Si krut hir Strof direkt: soubal si dat gesot hat, koumen onanstänneg Geräischer aus hirem Hënner an dat huet sech doropshin all Freideg, dem Doudesdag vum Gangolf, widderholl. Soubal si en eenzegt Wuert gesot huet, huet si haart misse fuerzen.

De Paschtouer ass iwwerdeems un enger béiser Krankheet gestuerwen: et ass bannenzeg zerfriess ginn.

De Gangolf gëtt meeschtens als Ritter mat engem Schwäert an enger Lanz duergestallt, heiansdo mat engem Säbel, engem Fändel an engem Handkräiz. Seng Kierchen oder Kapellen sinn dacks an der Géigend vun enger Quell oder engem Buer.

Dem Gangolf säin Dag ass den 11. Mee.

Den hellege Gangolf gëtt ugebiet:

  • bei schwierege Situatiounen am Bestietnes
  • bei Aen-, Haut- a Gelenkkrankheeten

Hien ass de Patréiner vun de bedrunne Männer, vun de Päerd, de Händschemécher, Schousteren, Gierwer a Jeeër.

Fir un de Gangolf vun Avallon z'erënneren, huet de Stater Schäfferot den 28. Oktober 1960 decidéiert, eng nei Strooss, déi zu Märel gebaut gouf, no him ze nennen: d'Rue Saint-Gengoul[1].

Commons: Gangolf vun Avallon – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 05.09.2024.