Op den Inhalt sprangen

Gierwerei

Vu Wikipedia
D'Aarbecht an enger Gierwerei. De Gierwer schruppt mat enger Zort Schléissmesser d'Fettreschter vun der bannenzeger Säit vum Pelz
Déi fréier Gierwerei Delvaux zu Pënsch

Eng Gierwerei - och nach Larei oder Laërei (vereelzt)[1] (fr. tannerie) - ass eng Entreprise, déi Déierenhaut zu Lieder verschafft. D'Gierwen ass eent vun den eelsten Handwierker. De Beruff vun engem deen an der Liederproduktioun geschafft huet, war de Gierwer.

Well ee fir ze gierwen – nieft der Lou – och vill Waasser gebraucht huet, louchen d'Gierwereie gemenkerhand laanscht de Baachen oder Flëss; zu Lëtzebuerg absënns am Éislek (Wolz, Klierf, Veianen), awer och zu Iechternach, Esch-Uelzecht oder am Stater Gronn.[2] Eng Rei Odonymmen (zu Wegdichen, Téiteng a Beetebuerg) erënneren haut nach un déi fréier Gierwereien.

D'Haaptetappe fir d'Déierenhait zu Lieder ze verschaffe begräifen:

  • d'Fleeschreschter an d'Hoer gi vun den Hait erofgemaach;
  • an der „Bächen“ ginn d'Hait an enger Kallek-Schwiefel-Britt ageweecht an ëmmer nees ausgewäsch, wouduerch se quëllen a méi spéit de Gierfstoff besser ophuelen;
  • d'Feller gi flaach openee getässelt, mat all Kéier enger Schicht gemuele Lou dertëschent;
  • zum Schluss gëtt eng Britt aus Lou an Alaun (méi spéit cheemesch Produiten) driwwer geschott an d'Hait bleiwen tëscht e puer Wochen an e puer Méint dran ageweecht.

Mat der Prozedur vum Gierwe bleiwen d'Hait flexibel, se hale sech gutt a gi waasserdicht.

De Patréiner vun de Gierwer ass den hellege Baartelméis.

D'Familljennimm Gerber a Weissgerber ginn op de Beruff zeréck.

  • Orlewski-Eyschen, Jacqueline, Duhr, Nicole et al. Et war een deemools net méisseg: Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 1. Itzig: RBS, 2009. ISBN 9782959972157
  • Orlewski-Eyschen, Jacqueline, Duhr, Nicole et al. Et war een deemools net méisseg: Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 2. Itzig: RBS, 2010. ISBN 9782959972167
 Commons: Gierwerei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. LWB – Luxemburger Wörterbuch, Online op infolux, dem Fuerschungsportal iwwert d'Lëtzebuergescht
  2. Gerbereien in Luxemburg: Gierwereien zu Lëtzebuerg - Tanneries au Luxembourg - Gerbereien in Luxemburg, accessdate: 21. Dezember 2025