Kierch Lëtzebuerg-Märel

Vu Wikipedia
Märeler Kierch
l

l
l
Uertschaft / Plaz Märel
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Gangolf
Koordinaten 49° 36’ 09.2’’ N
      06° 05’ 36.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Märel ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert. Responsabele vun der Par ass de Paschtouer Michel Majerus.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Gangolf deem säi Fest den 11. Mee gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der rue de Merl, dem CR230, mat der rue de Saint-Hubert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf 1882 no Pläng vum Charles Arendt an 1937 no Pläng vum Joseph Jentgen vergréissert.

Den alen Deel vun der Kierch gouf, zesumme mam Kierchtuerm, den 13. Mäerz 1989 op d'Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter gesat. Knapps e Joer méi spéit, den 19. Januar 1990, gouf de barocke Mobilier am alen Deel vun der Kierch als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Kierchtuerm vu Märel hänken dräi Klacken déi am Toun Do Dièse, Mi a Fa Dièse lauden an déi aus de Joren 1937 an 1938 sinn. Déi dräi Klacke kommen aus der Klackegéisserei Marcel Michiels vun Tournai (Klack 1: Gangolf Cis' 1856 Kg Klack 2: Maria E' 1215 Kg Klack 3: Jousef Fis' 809 Kg).

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Kierch Märel.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lëtzebuerg-Märel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).