Mathis Wildanger
Mathis Wildanger | |
---|---|
Gebuer | 6. November 1935 |
Gestuerwen | 19. Januar 2003 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
![]() |
De Mathis Wildanger, gebuer de 6. November 1935 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen den 19. Januar 2003 zu Alschent, war e lëtzebuergesche Moler.
Nodeem hien op der "Academia di belli arti" zu Roum studéiert hat, war hie Schüler vum Johnny Friedlaender zu Paräis. Hien huet Landschaften, Nature morten a Portraite gemoolt.
Hie war den eelste Jong vum Moler Theodore Wildanger an der Anna Thekes vu Gréiwemaacher.
Ausstellungen am Ausland[änneren | Quelltext änneren]
- 1954 hat hie seng éischt Ausstellung an der Galerie Bernheim-jeune zu Paräis
- 1955, 1957 Paräis
- 1956 Léck
Präisser[änneren | Quelltext änneren]
- 1957: Médaille de la Ville de Paris
Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]
- Anthologie des Arts au Luxembourg, Éditions Emile Borschette, 1992.