Op den Inhalt sprangen

Gare Betzder

Vu Wikipedia
Gare Betzder
Den 2312 a Richtung Wittlich an der Gare vu Betzder (2025)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1. Januar 1908
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Betzder
Uertschaft Betzder
Koordinaten 49°41'20"N, 6°20'56"O
Héicht i. M. 229 m
Reseau
Statiounscode Bz
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Streck(en) CFL-Linn 3
P.K. 24,658 km
Gleiser mat Quai 2
Passagéier/Joer 45.462
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Rued,
Gare Wecker
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Betzdorf
Kaart
Lag vun der Gare Betzder

D'Gare vu Betzder ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der Rue de la Gare an der Sektioun Betzder vun der Gemeng mam selwechten Numm.

D'Gare Betzder gehéiert zur Linn Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Tréier - (Wittlich) vum CFL-Zuchreseau. Se läit tëscht der Gare Rued an där vu Wecker. Bei der Gare gëtt et just 8 Parkplazen an eng fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Et gëtt keng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen.

An der Gare gëtt et keng Ënnerféierung; fir vun engem Quai op deen aneren ze kommen, muss een iwwer d'Barriär (PN.68) goen, déi direkt ëstlech vun der Gare läit.

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Februar 2025)

Linn Lëtzebuerg ↔ Waasserbëlleg ↔ Tréier ↔ (Wittlich)

[änneren | Quelltext änneren]

Richtung Waasserbëlleg

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Rued   RB   Wecker Waasserbëlleg
Lëtzebuerg Rued   RB   Wecker Tréier - Wittlich

Richtung Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Commons: Gare Betzder – Biller, Videoen oder Audiodateien