Op den Inhalt sprangen

AVL-Linn 24

Vu Wikipedia
AVL-Linn 24
Eng Linn 24 vum PE-Gare Houwald a Richtung Peternelchen
Belair - Houwald
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Houwald, Peternelchen 49°34'37,7317"N, 6°8'12,4994"O
op Belair-Nord, Centre Hospitalier 49°37'8,3359"N, 6°6'0,2160"O
iwwer Belair, Märel, Hollerech, Gaasperech, Houwald
Gefiertyp Elektrobus
opgaang 3. November 2019
Technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 9.120 m, 9.890 m
Fuerzäit 31 min, 31 min
mëttel Vitess 18,24 km/h, 19,14 km/h
Plang vun der Linn OpenStreetMap

D'AVL-Linn 24 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 3. November 2019 all 15 Minutten um Trajet Houwald, Peternelchen - Cloche d'or - Gaasperech - P+R Bouillon - Belair, Centre hospitalier an zeréck. Mat der Ouverture vun der Busspuer op der Bréck bei der Gare um Houwald den 12. Abrëll 2026 ass den Trajet vun der Linn liicht ugepasst ginn: d'Linn 24 fiert elo dee méi direkte Wee iwwer déi Bréck an d'Halt Howald, Ronnebësch ass ewechgefall[1].

D'Linn bedéngt 22 Halten um Aller an der 21 um Retour. De Weekend fiert d'Linn just um Trajet tëscht dem Centre hospitalier an dem P+R Bouillon.

Halten op der Linn 24

[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Halten Bemierkung
Howald, Peternelchen
Howald, Gare / PE Gare Houwald
Howald, P+R Lux-Sud
Gerhard Mercator
Hildegard von Bingen
Gasperich, Waassertuerm
Émile Bian
Jean Piret
Cloche d'Or
Stengege Wee
Gaasperecher Bierg
Aciérie
Hollerich, Kierfecht
P+R Bouillon
Marcel Cahen
Barrière
Laang Heck[2]
Charlemagne
Val Ste Croix
Aubépines
CHL / Kannerklinick / Maternité
Centre Hospitalier

Entwécklung vun der Linn 24

[änneren | Quelltext änneren]
  • virun 2008: et gouf keng Linn mat der Nummer 24
  • 2008 - 2016: P+R Bouillon - Cloche d'or, Guillaume Kroll
  • 14.03.2016 - 02.11.2019: P+R Bouillon - Cloche d'or - P+R Lëtzebuerg-Süd
 Commons: AVL-Linn 24 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Adaptation du réseau | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de 07.04.2026.
  2. zanter dem 7. Juli 2024