AVL-Linn 14

Vu Wikipedia
AVL-Linn 14
E Bus vun der Linn 14 um fréieren Trajet op der Neier Bréck
Zéisseng - Zens
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Boy Konen 49°34'49,4"N, 6°5'39,5"O
op Zens, Waassertuerm 49°37'14,5420"N, 6°10'58,0465"O
iwwer Zéisseng, Hollerech, Garer Quartier, Uewerstad, Clausen, Zens
Bustyp Hybrid Elektrobus, Elektrobus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 12.792 m, 12.965 m
Fuerzäit 43 min, 43 min
mëttel Vitess 17,85 km/h, 18,09 km/h


D'AVL-Linn 14 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Zéisseng, Boy Konen - Gare - Stad - Clausen - Fetschenhaff - Zens, Waassertuerm an zeréck. Zu Zéisseng fiert se duerch den neie Quartier „Am Brill“. Se huet 34 Halten um Aller an der 33 um Retour a fiert vu méindes bis samschdes all 15 véierel Stonn

Sonndes fiert d'Linn just am Hallefstonne-Rhythmus tëscht der Gare an dem Zens.

D'Linn gëtt mat Elektro- oder Elektro-Hybridbussen assuréiert. Um Terminus um Zens ass eng Opluetstatioun wou d'Bussen nees opgeluede ginn.

Halten op der Linn 14[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 14 Bemierkung
Boy Konen
Rue de Leudelange
Am Eck
Am Brill
Fischerhaff
Artisans
Barrès
Aciérie
Jean-Baptiste Merkels
Fonderie
Gare Centrale Gare Lëtzebuerg
Al Avenue
F. D. Roosevelt
Hamilius
Badanstalt
Um Bock / Casemates
Plateau Altmunster
Clausener Bréck
Tour Jacob
Rumm
Dinselpuert
Kéibierg-INS
Fort Dumoulin
Tawioun
Cents, Kierch
Jules Salentiny
Arthur Knaff
Charles de Tornaco
Gabriel de Marie
Trèves
Carmel
Paul Albrecht
Camille Polfer
Cents, Waassertuerm

Entwécklung vun der Linn 14[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnen-Nummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 01.04.1927 un ass déi Gaasperech-Zéissenger Linn vun der Stad iwwer d'av. de la Liberté an d'Gare op Gaasperech an Zéisseng gefuer. Den 01.10.1962 gouf déi Gaasperecher Linn als 13 an déi Zéissenger als 14 bezeechent
  • 1971 - 1980: Stad - Gare - Zéisseng
  • 1980 - 1990: Stad - Gare - Hollerech - Zéisseng - Kuelebierg - Gaasperech - Gare - Stad
  • 1990 - 1992: et gouf keng Linn mat der Nummer 14
  • 1992 - 2001: Gare - Stad - Eech - Dummeldeng - Beggen, Henri Dunant
  • 2001 - 2008: (P+R Bouillon) - Gare - Stad - Eech - Dummeldeng - Beggen, Henri Dunant
  • 2008 - 2015: Gaasperech/François Hogenberg - Gare - Stad - Clausen - Fetschenhaff - Zens, Waassertuerm
  • 01.06.2015 - 12.12.2020: Gare - Stad - Clausen - Fetschenhaff - Zens, Waassertuerm

Wéinst dem Tramsschantje gouf d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad den 3. November 2019 g'ännert an huet dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefouert.

Se hat 24 Halten um Aller an och um Retour an ass vu méindes bis samschdes all 15 Minutten a sonndes all hallef Stonn gefuer. D'Linn 14 hat déi zwéin Terminussen zesumme mat der Linn 9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 14 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]