AVL-Linn 3

Vu Wikipedia
AVL-Linn 3
Eng Linn 3 hannert dem Rond-point Robert Schuman (2023)
Houwald - Beggen
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Houwald, Waassertuerm 49°34'41,5"N, 6°8'51,5"O
op Beggen, Henri Dunant 49°38'51,4752"N, 6°8'4,3732"O
iwwer Beggen, Dummeldeng, Eech, Uewerstad, Garer Quartier, Bouneweg, Houwald
Bustyp Standardbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 12.093 m, 11.704 m
Fuerzäit 40 min, 41 min
mëttel Vitess 18,14 km/h, 17,13 km/h

D'AVL-Linn 3 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Si fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Houwald, Waassertuerm - Bouneweg - Garer Quartier - Stad - Eech - Dummeldeng - Beggen, Henri Dunant an zeréck.

D'Linn 3 huet 26 Halten an all Richtung a se fiert all Dag an engem Takt vun enger hallwer Stonn. Tëscht Bouneweg an der Uewerstad fiert se parallel mat de Linne 5 an 33[1]. Sonndes fiert d'Linn 3 just op zwéin Deelstécker: engersäits vum Houwald bis op Bouneweg, LTB, wou en Uschloss un d'Linn 5 a Richtung Stad besteet an anersäits vu Beggen bis an d'Stad.

Duerch eng Zesummenaarbecht mat der Gemeng Hesper kann d'Linn 3 iwwer d'Gemengegrenz vun der Haaptstad bis op den Houwald verlängert ginn; se gëtt net vum Nohaltegkeetsministère subventionéiert.

Halten op der Linn 3[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 3 Bemierkung
Howald, Waassertuerm gemeinsamen Terminus mat der Linn 33
Howald, Minsbësch
Howald, Bei der Kierch
Howald, 9 Mai 1944
Lycée Bouneweg / PE
Lycée Bouneweg / LTB
Willibrord
Léon XIII
Fraternité
Virchow
Huese Vic
Wallis
F. D. Roosevelt
Hamilius
Fondation Pescatore
Theater
Kiischtewee
Alen Eecher Bierg
Octroi
Eecher Plaz
Dommeldange, Contournement
Van der Meulen
Château
Chingiz Aitmatov
Cyprien Merjai
Henri Dunant

Entwécklung vun der Linn 3[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 10.07.1960 un: Gare - av. Monterey - Lampertsbierg (av. V. Hugo) - av. de la Faïencerie - av. Monterey - Pont Adolphe - Gare
  • 1971 - 1992: Gare - Stad - Lampertsbierg
  • 1992 - 2001: Bouneweg, Rangwee - Wallis-Plaz - Stad - Lampertsbierg/av. de la Faïencerie
  • 2001 - 2015: Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius - Stad - Bouneweg, LTB; verschidde Faarte bis op den Houwald, Waassertuerm
  • 01.06.2015 - 12.12.2020: Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius - Stad - Bouneweg - Houwald, Waassertuerm

Vum Lampertsbierg bis op d'Gemengegrenz am Rangwee ass d'Linn 3 parallel mat der Linn 30 gefuer. De 14. August 2018 ass den Trajet am Stadzentrum liicht geännert ginn. D'Linn 3 fiert vun deem Dag un iwwer de Boulevard Royal an d'Neipuertsgaass amplaz iwwer d'Stäreplaz an d'Montereysavenue.

Wéinst dem Tramsschantje huet d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad zanter dem 3. November 2019 iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck geféiert[2].

D'Linn 3 hat 24 Halten um Aller an der 25 um Retour a ass wiertes all 20 Minutte gefuer; duerch de parallellen Trajet mat der Linn 30 tëscht dem Lampertsbierg a Bouneweg gouf et do all 10 Minutten a Bus. Samschdes a sonndes ass se all hallef Stonn gefuer. Den Terminus Houwald, C.I.P.A. gouf nëmme sonndes mat e puer Faarten ugefuer.

  • 03.12.2020 - 09.12.2023: deselwechten Trajet Houwald, Waassertuerm - Beggen, Henri Dunant an zeréck wéi zanter dem 10. Dezember 2023, awer mat vereenzelte Faarte bei de C.I.P.A. um Houwald a mat zousätzleche Faarten tëscht der Houwalder Kierch an dem Glacis (Halt Theater); béid Variante ginn zanterhier vun der Linn 33 gefuer. Den 11. September 2022 gouf den Trajet zu Bouneweg liicht ugepasst, fir datt de Pôle d'échanges Lycée Bouneweg ugefuer konnt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 3 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Adaptations horaires | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-29.
  2. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019