Henri Dunant
Henri Dunant | |
---|---|
Gebuer |
8. Mee 1828 Genf |
Gestuerwen |
30. Oktober 1910 Heiden |
Nationalitéit | Schwäiz, Frankräich |
Educatioun | Collège Calvin |
Aktivitéit | Entreprener, Schrëftsteller, Grënner, Händler |
Den Henri Dunant, gebuer den 8. Mee 1828 zu Genf a gestuerwen den 30. Oktober 1910 zu Heiden (Kanton Apenzell) war e Schwäizer Philanthrop a Grënner vum Roude Kräiz.
Op enger Geschäftsrees an der Provënz Mantua gouf den Dunant 1859 bei der Klengstad Solferino Zeie vun der Schluecht tëscht den Truppe vu Piemont-Sardinien a Frankräich op där enger Säit, an op där anerer der éisträichescher Arméi. Ausser de 6.000 Doudeger waren nach eng 40.000 Leit blesséiert ginn, déi ouni iergendeng Hëllef um Schluechtfeld leie bliwwe sinn.
Zudéifst beréiert vum Erlieften huet den Henri Dunant Un Souvenir de Solférino (1862) verfaasst an d'Grënnung vum Roude Kräiz ugereegt (1863).
Op Grond vu senge Beméiungen ass eng international Konferenz organiséiert ginn, déi 1864 d'Genfer Konventioun ugeholl huet, an där sech déi bedeelegt Staate verflicht hunn, bei Kricher bestëmmt Grondreegele vun der Mënschlechkeet ze respektéieren.
Schonn an deenen éischte Kricher duerno an Europa an an Nordamerika hu sech déi fräiwëlleg Leit vum Roude Kräiz bei der neutraler Betreiung vun de Verwonnten an de Krichsgefaangene bewäert. Den Dunant huet jorelaang op ville Reese fir d'Ënnerstëtzung vun der Iddi vum Roude Kräiz Reklamm gemaach.
1901 huet den Henri Dunant de Friddensnobelpräis kritt.
Fir un den Henri Dunant z'erënnere sinn zu Lëtzebuerg eng Rei Stroossen no him benannt: zu Bartreng, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Rodange, an der Stad an zu Stroossen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Henri Dunant – Biller, Videoen oder Audiodateien |