AVL-Linn 27
![]() | |
![]() Eng Linn 27 op enger Deviatioun op der Escher Strooss zu Hollerech (mat falschem Zilschëld) | |
Bouneweg - Bartreng | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers |
vu(n) | Bouneweg, Lycée Technique de Bonnevoie 49°35'28,5137"N, 6°8'30,6006"O |
op | Bartreng, Belle Étoile 49°37'18,1276"N, 6°2'53,8206"O |
iwwer | Bouneweg, Garer Quartier, Hollerech, Märel, Bartreng, Stroossen |
Bustyp | Gelenkbus |
opgaang | 3 November 2019 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 11.462 m, 10.977 m |
Fuerzäit | 38 min, 38 min |
mëttel Vitess | 18,1 km/h, 17,33 km/h |
D'AVL-Linn 27 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 3. November 2019 all 15 Minutten (samschdes a sonndes all 30 Minutten) um Trajet Bouneweg - Gare – Märel – Aktivitéitszon Bourmicht – Stroossen - Bartreng, Belle Étoile an zréck. Si huet 22 Halten um Aller an der 21 um Retour.
Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, gehéiert d'Linn 27 zum “service coordonné AVL/RGTR”.
Halten op der Linn 27[änneren | Quelltext änneren]
(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Entwécklung vun der Linn 27[änneren | Quelltext änneren]
- virun 2014: et gouf keng Linn mat der Nummer 27
- 02.06.2014 - 02.11.2019: Gare – Märel – Aktivitéitszon Bourmicht – Stroossen - Bartreng, Belle Étoile
D'Linn 27 ass entstanen duerch eng Zesummenaarbecht vun der Stad Lëtzebuerg mat hiren Nopeschgemenge Bartreng, Hesper, Leideleng, Stroossen an dem Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen am Kader vun der „DICI[1] Konventioun fir déi koordinéiert an integrativ interkommunal Entwécklung am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg”.
D'Zil vun der Konventioun ass et fir ë. a. d'Liewensqualitéit ze verbesseren an d'Natur z‘erhalen
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Ligne 27 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Linn 27 op der Säit vun der Stad Lëtzebuerg
- DICI.lu, Koordinéiert an integrativ interkommunal Entwécklung am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ „Convention relative à un Développement Intercommunal Coordonné et Intégratif du Sud-Ouest de l'agglomération de la Ville de Luxembourg“ „DICI Sud-Ouest“