Op den Inhalt sprangen

AVL-Linn 29

Vu Wikipedia
AVL-Linn 29
D'Linn 29 op der Bréck um Houwald.
Hesper - Sennengerbierg
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers
vu(n) Hesper, Cité Um Schlass 49°34'23,0527"N, 6°8'38,0144"O
op Sennengerbierg, Charlys Statioun 49°38'59,1360"N, 6°13'33,7609"O
Gefiertyp Gelenkbus
opgaang 12. Mäerz 2023
Technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 16.796 m, 19.032 m
Fuerzäit 49 min, 52 min
mëttel Vitess 20,57 km/h, 21,96 km/h
Plang vun der Linn OpenStreetMap

D'AVL-Linn 29 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 12. Mäerz 2023 um Trajet Hesper, Cité Um Schlass - Houwald / ZAC - P+R Lëtzebuerg-Süd - Bouneweg - Gare - Polvermillen - Zens - Findel - Fluchhafen - Sennengerbierg, Charlys Statioun an zeréck. Mat der Ouverture vun der Busspuer op der Bréck bei der Gare um Houwald den 12. Abrëll 2026 ass den Trajet vun der Linn liicht ugepasst ginn: d'Linn 29 fiert elo dee méi direkte Wee iwwer déi Bréck an d'Halt Howald, Ronnebësch ass ewechgefall[1].

D'Linn 29 huet 31 Halten um Aller an der 30 um Retour. Se fiert vu méindes bis freides all 15 (an de Spëtzestonnen all 10) Minutten. De Weekend fiert se all 20 Minutten.

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, zielt se zu de Linnen, déi vum Ministère subventionéiert ginn.

Halten op der Linn 29

[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Halten Bemierkung
Hesperange, Cité um Schlass
Op der Stirzel
Howald, Gare / PE Gare Houwald
Howald, P+R Lux-Sud
Gerhard Mercator
Francophonie
Lycée Bouneweg / PE
↓ Lycée Bouneweg / PE Quai 7
Hippodrome
Dernier Sol
Gare Centrale Gare Lëtzebuerg
↓ Al Avenue
↑ Wallis
Al Molkerei
Général Patton
Pulvermuhl, Hammer Dällchen
Cents-Hamm, Halte CFL Gare Zens-Hamm
Robert Bruch
Trèves
Carmel
Camille Polfer
Cents, Waassertuerm
Findel, Reno
Findel, Business Center
Findel, Gréiwelscheierhaff
Findel
Senningerberg, Lou Hemmer
Aéroport Fluchhafe Findel
Senningerberg, Parishaff
Senningerberg, Héienhaff / PE
Senningerberg, rue du Golf
Senningerberg, Charlys Statioun

Entwécklung vun der Linn 29

[änneren | Quelltext änneren]
  • virun 2015: et gouf keng Linn mat der Nummer 29
  • Juni 2015 - Januar 2017: P+R Lëtzebuerg-Süd - Gare - Polvermillen - Fluchhafen - Cargo Center
  • 31.01.2017 - 14.10.2018: P+R Lëtzebuerg-Süd - Houwald - Bouneweg - Gare - Polvermillen - Zens - Findel - Fluchhafen - Cargo Center. Den 10. Dezember 2017 war den Trajet liicht ugepasst ginn an d'Linn 29 ass vun dunn un iwwer d'Rocade de Bonnevoie amplaz iwwer d'Garer Plaz gefuer.
  • 15.10.2018 - 02.11.2019: Cloche d'or - P+R Lëtzebuerg-Süd - Houwald - Bouneweg - Gare-Rocade - Polvermillen - Zens - Findel - Fluchhafen - Sennengerbierg - (Cargo Center). Verschidde Faarte si bis op den Terminus beim Cargo Center gefuer. Deen Deel gouf du vum November 2019 u vun der deemoleger RGTR-Linn 122 iwwerholl. Sonndes goufen d'Faarten am Süden nëmme bis op Bouneweg gefuer (Terminus beim L. T. de Bonnevoie).
  • 03.11.2019 - 12.12.2020: Cloche d'or, Guillaume Kroll - P+R Lëtzebuerg-Süd - Houwald - Bouneweg - Gare - Polvermillen - Zens - Findel - Fluchhafen - Sennengerbierg, Charlys Statioun.
  • 13.12.2020 - 02.04.2022: Wéi am Dezember 2020 d'Tramslinn T1 bis op d'Gare verlängert an den AVL-Reseau ugepasst gouf, ass d'Linn 16 fir op de Fluchhafen net méi virun der Stater Gare fortgefuer. Fir awer eng Direktverbindung vun der Garer Plaz aus bäizehalen, ass d'Linn 29 nees vun der Rocade virun d'Gare verluecht ginn.
  • 03.04.2022 - 11.03.2023: D'Linn ass op enger gekierzter Streck gefuer, well d'Verbindung vu Bouneweg a Richtung Houwald (Rangwee) wéinst engem Schantje gespaart war. D'Linn 29 ass an där Zäit op follgender Streck gefuer: Bouneweg / LTB - Gare - Polvermillen - Zens - Findel - Fluchhafen - Sennengerbierg, Charlys Statioun an zeréck.
 Commons: AVL-Linn 29 – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (fr) Adaptation du réseau | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de 07.04.2026.