City Shuttle (Lëtzebuerg)


De City Shuttle war eng Navett mat engem autonome Minibus deen am Pafendall tëscht dem Lift, dem Funiculaire an dem Kierfecht um Sichehaff op enger Streck vun ca. 720 Meter hin an hier gefuer ass.
De City Shuttle gouf vun de Stater Bussen organiséiert an am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch 2018 virgestallt. En ass vum 20. September 2018 un op de Stroosse vun der Stad Lëtzebuerg all véierel Stonn, vu méindes bis freides tëscht mueres 7 an owes 9 Auer gefuer.
No enger éischter Phas vu sechs Méint sollt de Pilotprojet vun der Stad Lëtzebuerg bewäert ginn an et sollt gekuckt ginn, ob a wéi déi autonom Navett zukünfteg an der Stad benotzt kéint ginn.
De City Shuttle war eng 100% autonom Hightech-Navett déi ouni Chauffer fiert an déi mat enger Abberzuel vu Sensoren an Echtzäit mat der Ëmgéigend interagéiere kann an dowéinst op der oppener Strooss fuere konnt.
No eegenen Aussoe géif d'Stad Lëtzebuerg sech mam City Shuttle den Erausfuerderungen am Beräich vun der urbaner Mobilitéit stellen. De City Shuttle wier eng innovativ a gewot Mobilitéitsléisung déi déi nei Technologien ausnotzt, fir d'Liewensqualitéit vun de Bierger an de Visiteure vun der Haaptstad ze verbesseren.
De Service ass wärend der Covid-19-Pandemie zou- an duerno net méi opgemaach ginn.[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: City Shuttle (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- France Clarinval, City Shuttle am City, November 2018, Säite 36-40
- Rita Ruppert, Autonomer Shuttle: Noch viel Luft nach oben, op wort.lu de 17. November 2018 an ënnert dem Titel „Vorführeffekt - Selbstversuch mit dem autonomen City Shuttle“ an der Drockversioun vum Wort de 17. November 2018, Säit 32
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Luxembourg : adaptation du réseau des autobus de la Ville | Le Quotidien. Gekuckt de 07.02.2026.