AVL-CN6
Ausgesinn
|
| |
| City Night Bus 6 | |
|---|---|
| Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
| vu(n) | Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O |
| op | Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O |
| iwwer | Uewerstad, Eech, Beggen, Dummeldeng, Millebaach, Rollengergronn |
| Gefiertyp | Standardbus |
| opgaang | 2. Mäerz 2025 |
| Technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
| Längt | 12.532 m |
| Fuerzäit | 28 min |
| mëttel Vitess | 26,85 km/h |
|
| |
D'AVL-Linn CN6 ass eng vun den Nuetslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.
Se fiert zanter dem 2. Mäerz 2025 de Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – all hallef Stonn vum Hamilius aus, wou se Uschloss un déi aner CN-Linnen huet, an déi verschidde Quartiere vun der Stad, absënns Eech, Beggen, Dummeldeng, Eech, Millebaach a Rollengergronn.
D'Linn CN6 ass eng Ronnfaart an huet nëmmen een Terminus; op hirem Trajet huet se 28 Halten a brauch 28 Minutte fir eng Faart.
Halten op der Linn CN6
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Entwécklung vun der Linn CN6
[änneren | Quelltext änneren]- virum 03.11.2019: et gouf keng Linn CN6
- 03.11.2019 bis den 01.03.25: Uewerstad - Eech - Beggen - Dummeldeng - Eech - Uewerstad.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: AVL-CN6 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
