AVL-Linn 21
|
| |
|
D'Linn 21 um Hamilius | |
| Eech - Kierchbierg | |
|---|---|
| Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
| vu(n) | Eech, Centre Culturel 49°37'44,18"N, 6°7'56,53"O |
| op | Luxexpo Entrée Sud 49°38'3,9"N, 6°10'12,4"O |
| iwwer | Eech, Millebaach, Rollengergronn, Uewerstad, Neiduerf/Weimeschhaff, Kierchbierg |
| Gefiertyp | Gelenkbus |
| opgaang | 13. Dezember 2020 |
| Technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
| Längt | 12,533 km, 12,137 km |
| Fuerzäit | 43 min, 42 min |
| mëttel Vitess | 17,49 km/h, 17,34 km/h |
|
| |
D'AVL-Linn 21 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Kierchbierg, Luxexpo, Entrée Sud - Stad - Rollengergronn - Millebaach - Eech an zeréck.
D'Linn 21 huet 28 Arrêten um Aller an der 29 um Retour. Se fiert vu méindes bis freides all 15 Minutten, samschdes all 20 Minutten a sonndes all hallef Stonn.
Halten op der Linn 21
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
| Halten | Bemierkung | |
|---|---|---|
| Eich, Centre Culturel | gemeinsamen Terminus mat der Linn 23 | |
| Eecher Plaz | ||
| École Eich | ||
| Eecher Schmelz | ||
| Siwemuergen | ||
| Peiffeschbierg | ||
| Villeroy & Boch | ||
| Roudebierg | ||
| Val St André | ||
| Val Fleuri | ||
| Beim Klomp | ||
| Bei der Fiels | ||
| Biischtefabrick | ||
| Stäreplaz / Étoile | ||
| Wampach | ||
| Hamilius | ||
| Fondation Pescatore | ||
| Rout Bréck - Pafendall | ||
| B. E. I. | ||
| Jean Monnet | ||
| Antoine de St Exupéry | ||
| Konrad Adenauer | ||
| Coudenhove-Kalergi | ||
| Albert Borschette | ||
| Réimerwee | ||
| Alphonse Weicker | ||
| Hôpital Kirchberg | ||
| Hugo Gernsback | ||
| Luxexpo | ||
| Poutty Stein | ||
| Luxexpo Entrée Sud | gemeinsamen Terminus mat der Linn 18 |
Entwécklung vun der Linn 21
[änneren | Quelltext änneren]Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:
- virun 1996: et gouf keng Linn mat der Nummer 21
- 1996 - 1999: Dummeldeng - Kierchbierg - Weimeschhaff an zeréck.
- 1999 - 2003: Gare - Stad - Weimeschhaff - rue du Grunewald an zeréck.
- 2003 - 2008: (P+R Bouillon) - Gare - Stad - Weimeschhaff - rue du Grunewald an zeréck.
- 15.09.2008 - 14.12.2014: Eech - Millebaach - Rollengergronn - Stad - Gare - Gaasperecherbierg - Cloche d'or
- 15.12.2014 - 18.02.2018: Eech - Millebaach - Rollengergronn - Stad - Gare - P+R Lëtzebuerg-Süd - Cloche d'or
- 19.02.2018 - 12.12.2020: Eech - Millebaach - Rollengergronn - Stad - Gare - P+R Lëtzebuerg-Süd
Mat der Ouverture vum Lycée Vauban gouf den Trajet am Februar 2018 tëscht der Gare an dem Gaasperecher Bann geännert fir eng Halt beim Campus francophone unzefueren[1].
Am Kader vum Tramsschantje gouf et zwou Upassungen: de 15. Oktober 2018 ass den Trajet an der Uewerstad ugepasst ginn an d'Linn 21 ass vun do un a Richtung Houwald net méi duerch d'Arsenalstrooss, ma iwwer d'Montereysavenue gefuer. Den 3. November 2019 gouf och d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad geännert: d'Linn ass dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefuer[2].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: AVL-Linn 21 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Rita Ruppert, „Mit dem Bus zur Schule“, am Luxemburger Wort vum 17. Februar 2018, S. 27
- ↑ De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019
