Diskussioun:Routbuch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den E.J. Klein (Flora der Heimat, S.194) gëtt als lëtz. Nimm fir Fagus: Buch a Bich. D'Luxemburger Wörterbuch, Bd. 1, S. 106, kennt : Bich a Bouch, an als dovun ofgeleete Formen: Bichebam, Bichenholz, Bichenstaang, Bichendänn (Abies), bichen (Adjektiv). Beim Klees (Lux. Pflanzennamen) fënnt een: Buck, Bich, Bouch; Routbich gebraucht hie fir F. sylvatica purpurea (wat eigentlech net korrekt ass). Fir et kuerz ze maachen: Routbuch schéngt mir net de beschte Choix fir Rotbuche ze sinn, "Bich" wier besser; ob ee "Routbich" soll soen, wéi am Däitschen, dat ass ze diskutéieren. Fir de lëtz. Dictionnaire ass eng Bich eng "gemeine Buche" (also eng "Rotbuche" (Fagus sylvatica). --Jamcelsus 20:54, 13. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]