Op den Inhalt sprangen

Skandinavien

Vu Wikipedia
Skandinavismus am 19. Joerhonnert
Skandinavien am Wanter (mat Finnland an deelweis dem Baltikum)

De Begrëff Skandinavien steet fir eng historesch a kulturell Regioun an Nordeuropa. Zu Skandinavie ginn d'Länner Norwegen, Schweden an Dänemark gezielt.

Regional Sammelbegrëffer hunn eng gewëss Tendenz jee no Kontext (z. B. Sproochraum) ënnerschiddlech verstanen a gebraucht ze ginn. Dat gëllt virun allem och fir Skandinavien. Den Numm gëtt dacks synonym mat skandinavescher Hallefinsel gebraucht (op där Dänemark awer net läit), Finnland dozou gezielt, an heiansdo souguer nach Island, d'Färöer Inselen a Grönland als skandinavesch etikettéiert.

Dat kënnt ënner anerem dohier well d'Grenzen tëscht den dräi Länner am Laf vun der Geschicht e puermol verréckelt an nei Territoiren entdeckt goufen. Sou war Finnland laang Zäit schweedesch an op Island a Grönland hate sech jeeweils dänesch an norwegesch Wikinger niddergelooss.

Tëscht 1397-1523 waren déi dräi Länner an der Kalmarer Personalunioun vereent. Aus haiteger Siicht waren och déi deemools nach net eegestänneg Länner Finnland an Island dobäi. Déi Dänesch-Norwegesch Personalunion huet souguer nach bis 1814 gehalen.

Nieft der geographescher Noperschaft an den historesche Parallelen zanter der Wikingerzäit sinn et vläicht d'Sproochen déi am meeschten zu der skandinavescher Verbonnenheet bäidroen. Schweedesch, Dänesch an Norwegesch gehéieren zu der selwechter nordgermanescher, dacks och skandinavesch genannter Famill vun den indoeuropäesche Sproochen. Islännesch ass zwar sproochgeschichtlech am Fong och eng skandinavesch Sprooch, gëtt awer net sou ouni Weideres a Skandinavien verstan. Duerch déi relativ Isolatioun huet d'Islännesch eng Rëtsch linguistesch Entwécklunge vun hire Schwëstersprooche net matgemaach.

D'Norweger, d'Schweden an d'Däne versti sech dogéint meeschtens ouni gréisser Problemer (obschonn d'Verstännegung tëscht engem Nordnorweger an engem Dän an hire jeeweilege Mammesproochen an Dialekter natierlech scho méi schwéier gëtt).

Finnesch gehéiert zu der finno-ugrescher Sproochefamill a gëtt vu Skandinavier ouni et geléiert ze hunn net verstan.

Skandinavien ass also an éischter Linn manner eng geographesch Bezeechnung. De Begrëff reflektéiert éischter d'kulturell Änlechkeeten an déi staarkt historesch Verbonnenheet tëscht deenen haitegen dräi Länner.

Zu der Etymologie vum Wuert gëtt et zwou Theorien:

Déi geleefegst ass déi datt d'Wuert Skandinavien op dat aalschweedescht Skadhinawio zeréckgeet. Skadhin- wat souvill wéi “Gefor“ oder “Schued“ bedeit an -awjo fir “Waasser ronderëm“ respektiv “Insel“ oder “Hallefinsel“. Déi ursprénglech Bedeitung vu Skandinavien kéint een also mat geféierlech Hallefinsel iwwersetzen.

Eng aner plausibel Theorie geet dovun aus, datt d'Wuert säin Ursprong bei der germanescher Gëttin Skadi huet.

  • Jan Hecker-Stampehl, Vereinigte Staaten des Nordens - Integrationsideen in Nordeuropa im Zweiten Weltkrieg ; Oldenbourg Verlag, Studien zur Internationalen Geschichte, Bd. 26, 2011; 512 Säiten. ISBN 978-3-486-70102-9.
Commons: Skandinavien – Biller, Videoen oder Audiodateien