Nordesch Länner

Vu Wikipedia
Fändele vun den nordesche Länner

Mat nordesch Länner sinn déi nordeuropäesch Länner gemengt déi a Skandinavien leien oder awer historesch a kulturell iwwer d'Kalmarer Unioun matenee verbonne waren. D'nordesch Länner sinn hautzedaags politesch am Nordesche Rot organiséiert. Et sinn dëst d'Natiounen Dänemark, Norwegen, Schweden, Finnland an Island. Dozou gehéieren och déi autonom Territoirë vun de Färöer Inselen, Grönland (ënner dänescher Souveränitéit) an Åland (Finnland).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: The Nordic region – Biller, Videoen oder Audiodateien