Op den Inhalt sprangen

Grönland

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kalaallit Nunaat

Fändel vu Grönland

Wope vu Grönland

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Grönlännesch
Haaptstad: Nuuk
Staatsform: Parlamentaresch Monarchie mat Eegeverwaltung
  Kinnek: Frederik X. vun Dänemark
  Premierminister: Jens-Frederik Nielsen
Fläch: 2.166.086 km²
  Dovu Waasser: 1,6 %
Bevëlkerung: 56.609 (1. Januar 2023)
  Bevëlkerungsdicht: 0,026/km²
Nationalfeierdag: 21. Juni
Nationalhymn: Nunarput utoqqarsuanngoravit
Nuna asiilasooq
Wärung: Dänesch Kroun (DKK)
Zäitzon: UTC -4, -2, -1, ±0
Internet TLD: .gl
Internationalen
Telefonsprefix
:
+299

Grönland (op Grönlännesch Kalaallit Nunaat „Land vun de Grönlänner“ an op Dänesch Grønland [ˈgʀœnlanʔ] „Gréngland“), ass déi gréisst Insel vun der Äerd. Geographesch gëtt se zum arkteschen Nordamerika gezielt, politesch ass s'en autonomen Deel vum Kinnekräich Dänemark.

Mat enger Fläch vu knapp 2,2 Millioune km² ass Grönland ronn sechsmol sou grouss wéi Däitschland. Véier Fënneftel vun der Insel si mat Äis bedeckt dat bis 3 000 m déck ass. Nëmmen eng schmuel, héchstens 150 km breet Sträif laanscht d'Mier am Süden an am Weste sinn äisfräi. Den héchste Bierg mat 3 694 m[1], de Gunnbjørn Fjeld, deen och nach Hvitserk genannt gëtt, läit an Ostgrönland.

Déi ronn 60 000 Awunner liewen haaptsächlech vum Fëschen, der Robbejuegd a Schofszuucht.

D'Haaptstad vun der Insel ass Nuuk (dänesch Godthåb).

D'Insel gouf ëm 875 vun de Normannen entdeckt. Den Erik de Rouden huet se Gréngt Land gedeeft an déi éischt europäesch Siidlung gegrënnt.

Vun 1261 un huet Grönland zu Norwegen gehéiert a koum sou mat Norwegen an de Besëtz vun Dänemark. Wéi Norwegen 1814 onofhängeg gouf, huet Dänemark Grönland awer behalen.

Vun 1979 u verwalt Grönland sech selwer an ass, am Géigesaz zu Dänemark, net Member vun der EU.

Zënter 2019 huet den US-President Donald Trump ëmmer nees betount, datt hien aus militäresch-strategesche Grënn eng Annexioun vu Grönland un d'Vereenegte Staaten ustriewe wéilt, eng Moossnam, déi bis dato international refuséiert gouf. Am Januar 2026 hunn d'Presidente vun de fënnef Parteien, déi am grönlännesche Parlament vertruede sinn, den territorialen Usproch vun den USA an enger gemeinsamer Erklärung refuséiert.

 Commons: Grönland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gunnbjørn Fjeld - Peakbagger.com. www.peakbagger.com. Gekuckt den 19.08.2023.