Nordesche Rot
| Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Nordesche Rot | |
|---|---|
|
| |
| Grënnungsdatum | 16. Mäerz 1952 |
| Sëtz | Kopenhagen |
| Websäit | https://www.norden.org/en |
|
| |

Den Nordesche Rot an den Nordesche Ministerrot sinn international Organer mat dem zentralen Uleies d'Kooperatioun tëscht den Nordesche Länner ze verbesseren. Béid Institutioune fungéieren éischter als Kommunikatiouns- a Koordinatiounsfore wéi als supranational Organisatiounen. Gemenkerhand ginn den 1952 gegrënnten Nordesche Rot an den nodréiglech 1971 etabléierten Nordesche Ministerrot ënner dem Begrëff "Norden" zesummegefaasst.
De Rot konzentréiert sech op d'interparlamentaresch Zesummenaarbecht andeems de Ministerrot fir d'Koordinatioun um Niveau vun de Regierunge responsabel ass. Béid Institutiounen hunn hiert Sekretariat zu Kopenhagen. Sëtzunge sinn normalerweis just eemol d'Joer.
Fréiere Logo
[änneren | Quelltext änneren]
De Logotyp vum Nordesche Rot gouf 1985 adoptéiert. De Schwan huet aacht Plommen a symboliséiert déi aacht Memberen. De Logo gouf 2016 mam Nordesche Fändel ersat.
Memberen
[änneren | Quelltext änneren]Nieft de fënnef nordesche Staaten hunn déi dräi autonom Territoirë vun de Färöer Inselen, Grönland (béid Dänemark) an Åland (Finnland) separat Sëtz an de Réit.
Sëtzverdeelung:
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Nordesche Rot – Biller, Videoen oder Audiodateien |
