Op den Inhalt sprangen

Adolf-Emil-Hütte

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Adolf-Emil-Schmelz)
Postkaart vun der Schmelz.

Adolf-Emil-Hütte war den Numm vun enger Schmelz mat drun ugeschloss engem Stol- a Walzwierk am Weste vun Esch-Uelzecht, déi 1911-1913, tëscht der Eisebunnslinn Esch-Péiteng an der Strooss vun Esch op Bieles, gebaut gouf, an deemools eng vun de modernsten an Europa war.[1]

Et war deen drëtte grousse Siderurgiekomplex deen zu Esch, no der Metze Schmelz (1871) an der Brasseur-Schmelz (1872) opgeriicht gouf, fir d'Minett aus der Ëmgéigend zu Stol ze verschaffen.

Den Numm geet zeréck op d'Virnimm vun de Bridder Adolf an Emil Kirdorf, de Cheffe vum Aachener Hütten-Aktien-Verein Rothe Erde (Adolf),[2] respektiv der Gelsenkirchener Bergwerks AG (Emil), déi deemools, no der Krupp AG, déi zweetgréisst Schwéierindustrie an Däitschland war, an déi zu Lëtzebuerg am Joer 1907 d'Brasseur-Schmelz iwwerholl haten, déi se an "Rothe Erde"[3],[4] ëmbenannt hat.

Well et méi rentabel war, de Goss 'sur place' zu Stol ze 'veredelen' an deen dann ze verschaffen, hu si nobäi en Terrain gesicht, fir e Stol- an e Walzwierk opzeriichten, a sou en "integréierte" Komplex ze schafen. Si haten ufanks wëlles, hire Komplex déi Säit der Grenz, um Terrain vun der Gemeng Réisseng ze bauen. Doraus ass awer näischt ginn, well et vill kleng Parzelle gouf, an eng sëllege vun hire Proprietäre se net fir dee gebuedene Präis wollten hierginn. Dofir hu si der Escher Gemeng proposéiert, den 92 Hektar groussen Escher Bësch ofzekafen.

Den 1. Abrëll 1909 gouf den Akt ënnerschriwwen. De Präis louch bei 80 Frang den Ar, wat extreem gënschteg war. Eng Erklärung fir dës 'Faveur' kéint doran ze siche sinn, datt de Buergermeeschter vun Esch, de Léon Metz, selwer Schmelzhär war, a sech hannerwands fir seng Schmelz als Konterpartie Kock zu gënschtege Konditioune vun der Gelsenkirchener geséchert huet…[5] E puer Wochen drop hat d'Gelsenkirchener weider Terrainen, déi dru gegrenzt hunn, opkaf, an hat sou en Areal vun 222 Hektar.

D'Aarbechten um Komplex hu vu Mee 1909 bis 1912 gedauert. Fir d'éischt huet missen den Escher Bësch (och Clair-Chêne genannt), ofgeholzt ginn. Dee war bis dohin den 'Hausbësch' vun den Escher, déi do spadséiere gaange sinn, oder um Bord Fester organiséiert hunn, an et gouf eng ganz Rëtsch Seeërcher, déi sech do ofgespillt sollen hunn. Just eng kleng Sträif Beem gouf am Oste stoe gelooss. 3 Millioune Meter-Kibb Buedem hunn duerno missen hin an hier getässelt ginn, fir den Terrain ze planéieren, 250.000 Meter-Kibb Bëtong si fir d'Fëllementer vun den Anlage verbaut ginn. Vun den Honnerte vun Aarbechter, déi um Schantje beschäftegt waren (1910: 213; 1911: 1.038), sinn der 7 bei 5 Accidenter ëm d'Liewe komm.

Den 8. Juli 1910 huet d'Regierung d'Autorisatioun ginn, fir um Terrain déi gewënscht Industrieanlagen ze bauen: 8 Héichiewen (vun deene der awer nëmme 6 gebaut goufen), Gebléishalen, Cowperen, e Stolwierk, e Walzwierk, an eng ganz Rëtsch weider Installatiounen, déi dermat verbonne waren, wéi Chaudièren, Gasometeren, eng Mëllerei, Killweieren, Schlakemillen, eng thermesch Zentral, asw.

Och 50 km Schinne goufe verluecht, en Uschloss un d'Eisebunnsstreck Esch-Péiteng amenagéiert an eng Verbindung tëscht der Adolf-Emil- an der Rother-Erde-Schmelz ugeluecht.

Den 30. Oktober 1911 goufen déi éischt zwéin Héichiewen ugestach. Véier weider koumen der 1912 no. Den 29. Mee dat selwecht Joer koum déi éischt Charge am Thomas-Stolwierk eraus. Enn 1912 hunn 2.364 Aarbechter um Wierk geschafft. 1913 goufen do 361.000 Tonne Stol produzéiert.

Beim Ausbroch vum Éischte Weltkrich ass d'Zuel vun den Aarbechter bannent engem Mount vun 2.528 op 1.485 gefall, well 63 % vun den Aarbechter a sou gutt wéi déi ganz Kaderen an der Direktioun Auslänner waren (Däitscher, Italieener, Fransousen,…), déi an hir respektiv Arméien agezu goufen. Kuerz duerno, wéi d'däitsch Truppe bis d'Land (an och d'Belsch) besat haten, war et net méi méiglech, wichteg Réistoffer aus der Belsch erbäizekréien.

Am Oktober 1914 huet d'Lag ugefaangen, sech ze normaliséieren. D'Stolproduktioun, déi 1915 op 247.000 Tonne gefall war, goung 1916 nees op 337.000 Tonnen erop. D'däitsch Direktioun huet alles dru gesat, d'Produktioun dem Reich senge Krichsefforten zegutt kommen ze loossen. Um Enn vum Krich war d'Schmelz dofir an engem schlechten Zoustand.

Wärend dem Krich gouf d'Adolf-Emil-Hütte 39-mol vu Fligeren aus bombardéiert, am Ganzen 287 Bomme goufen erofgehäit, wouvun der 35 Industrieanlage getraff hunn. 2 Aarbechter a 5 Leit an engem Privathaus zu Esch si bei deenen Ugrëff ëm d'Liewe komm. Beim Ugrëff vum 24. September 1916 ass d'Gebléishal an e Koup gefall, soudatt déi 6 Héichiewen hu misse 6 Deeg laang stall halen.

De Gaston Barbanson vun der Arbed hat de Fransousen detailléiert Pläng zougestach, wou déi Schmelze markéiert waren, déi sollte bombardéiert ginn (déi zwou vun der Gelsenkirchener), an déi, déi sollte verschount bleiwen (déi vun der Arbed, d. h. Arbed-Schëffleng).[6]

Nom Éischte Weltkrich, wou als Folleg vum Traité vu Versailles déi däitsch Firme sech hu missen aus Loutrengen an aus Lëtzebuerg zeréckzéien, huet d'Société métallurgique des Terres-rouges d'Adolf-Emil-Hütte iwwerholl; si krut den Numm Esch-Belval. 1937 huet d'Arbed d'Terres-rouges iwwerholl, an d'Schmelz huet vun do un Arbed-Belval geheescht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Arbed-Belval.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Quell vun dësem Artikel, wou net anescht uginn: Christophe Knebeler, Denis Scuto: Belval: Passé, présent et venir d'un site luxembourgeois exceptionnel (1911-2011). Esch-sur-Alzette: Éditions Le Phare, 2010. ISBN 978-2-87964-120-1, S. 46-70.
  2. Wilhelm Debus,"Adolf Kirdorf" in: Deutsches Biogaphisches Jahrbuch vol. 5. p. 225.
  3. Rothe Erde ass den Numm vun engem Staddeel vun Oochen an dem den Aachener Hütten-Aktien-Verein Rothe Erde säi Sëtz hat. Déi Schmelz gouf 1919 vun der ARBED opkaaft an 1926 zougemaach an ofgerappt.
  4. Den däitschen Numm Rothe Erde huet näischt mat der Faarf rout ze dinn, wéi een aus der franséischer Iwwersetzung Terres rouges kéint unhuelen. Rothe Erde kënnt vum däitsche Begrëff roden = defrichéieren hier.
  5. Knebeler/Scuto, 2010, S. 57f.
  6. Gérard Arboit: "Dans les soubresauts de la Grande Guerre: bombardements, renseignement et affairisme au Luxembourg." In: Terres rouges – Histoire de la sidérurgie luxembourgeoise, vol. 1er, Luxembourg: Centre d'études et de recherches européennes Robert Schuman ; Archive nationales, 2009, S. 96-123, ISBN 978-2-9599749-0-8.