Léon Metz

Vu Wikipedia
Léon Metz
Gebuer 1. November 1842
Berbuerg
Gestuerwen 25. Juni 1928
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schmelzhär
Famill
Papp Auguste Metz
Mamm Petronella Laeis
Kanner Norbert Metz

De Charles-Léon Metz, gebuer den 1. November 1842 a gestuerwen de 25. Juni 1928, war e lëtzebuergesche Schmelzhär aus der Metz-Dynastie a Politiker.

Hien huet seng Ingenieursstudien zu Paräis an zu Léck gemaach. 1866 huet hien op der neier Dummeldenger Schmelz ugefaange mat schaffen.

1870 huet säi Monni den Norbert Metz hie mat de Virbereedungsaarbechte fir Metze Schmelz (spéider Arbed Schëffleng) beoptragt an hie gouf och do Direkter.

No der Grënnung vun der Arbed, 1911 gëtt hie Member vun där hirem Verwaltungsrot.

Zanter 1873 war hie Member vum Escher Gemengerot, a vun 1906 bis 1909 Buergermeeschter vun Esch. An déi Zäit fält ë. a. de Verkaf vum Clair-Chênes-Bësch un d'Gelsenkirchener Bergwerks AG, déi do d'Adolf-Emil-Hütte (spéider Arbed Belval) opgeriicht huet.

Hie war och tëscht 1875 an 1918 Deputéierten an der Chamber, Grënnungspresident vum Adolf-Verein a vun 1905 bis 1925 President vun der Handelskummer.

Hie war de Jong vum Auguste Metz an der Petronella Laeis.

Zu Esch-Uelzecht ass haut eng Strooss no him benannt, d'Rue Léon Metz.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial A N° 4 vun 1923 mat der Lëscht vun de Leit déi 1923 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen