Kierchefong

Vu Wikipedia
Fonds de gestion des édifices religieux et autres biens relevant du culte catholique
Ofkierzung Kierchefong
Zweck Gestioun vun de materielle Besoinen am Zesummenhang mat der Ausübung vum kathoulesche Glawen
Grënnungsdatum 1. Mee 2018
Sëtz 2, rue Christophe Plantin
L-2339 Lëtzebuerg
President Dr. Marianne Bausch-Koenig
Websäit kierchefong.lu

De Kierchefong, offiziell Fonds de gestion des édifices religieux et autres biens relevant du culte catholique ass eng sougenannt moralesch Persoun vum ëffentleche Recht déi mat engem Gesetz vum 13. Februar 2018 geschaf gouf, fir sech ëm déi materiell Bedierfnesser vum kathoulesche Kult zu Lëtzebuerg ze bekëmmeren.[1].

Zweck[änneren | Quelltext änneren]

De Fong steet ënnert der Kontroll vum Äerzbistum an ass vum Gesetz hir den eenzegen Nofollger vun de Kierchefabrécken, déi mam selwechte Gesetz vum Februar 2018 ofgeschaaft goufen.[1].

Als Proprietär bekëmmert sech de Fong ëm d'Gestioun vun de Gidder (Mobilier an Immeublen) déi him vun de Kierchefabrécken iwwerdroe goufen, grad wéi ëm déi, déi him nach duerno iwwerdroe ginn. E muss och fir d'Scholden opkommen, déi d'Kierchefabrécke virun hirer Ofschafung haten. Do dernieft muss de Fong fir déi materiell Besoinen am Zesummenhang mat der Ausübung vum kathoulesche Glawen opkommen, ë. a. wat d'Erhale vu senge reliéise Gebaier ugeet. Net dovu betraff sinn d'Personalkäschten, déi der kathoulescher Kierch op Basis vum Gesetz vum 23. Juli 2016 iwwer d'finanziell Ënnerstëtzung[2] zougestane ginn.

Besëtz[änneren | Quelltext änneren]

De Besëtz deen dem Kierchefong duerch Gesetz iwwerdroe gouf besteet engersäits aus 169 Terrainen (Akerland, Wisen, Bëscher, asw.), verspreet an 32 Gemengen am Land. Am Ganzen ass et eng Fläch vu knapps 84 ha[3]. Do dernieft gehéieren dem Fong nach 137 reliéis Gebaier, verspreet an 52 Gemengen[4]. Zu dësem muss de Patrimoine derbäi gezielt ginn, deen de Kierchefabrécke gehéiert huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg.

Gestioun[änneren | Quelltext änneren]

De Kierchefong gëtt vun engem Verwaltungsrot vun op d'mannst dräi Membere geréiert. D'Membere gi vum Äerzbëschof genannt oder ofgesat. Hiert Mandat leeft iwwer héchstens sechs Joer, et kann awer erneiert ginn. De Verwaltungsrot ka verschidden Aufgabe fir den deeglechen Oflaf un en Administrateur oder e Salarié delegéieren. Do dernieft kann de Fong och dezentral Verwaltungsstrukture schafen, déi awer keng eege juristesch Persoun sinn.

D'Finanze vum Fong ginn no de Reegele vun der kommerzieller Comptabilitéit gefouert. D'Joreskonte musse bannent sechs Méint nom Ofschloss vum Joer un den Äerzbistum virugeleet ginn, fir datt dee se kontrolléiere kann. De Fong muss dem Äerzbistum och virum Ufank vum Joer e Budget eraginn, deen en approuvéiere muss.

Verwaltungsrot[änneren | Quelltext änneren]

D'Presidentin vum Verwaltungsrot ass zanter dem 16. Juli 2021 d'Madamm Dr Marianne Bausch-Koenig [5]. Virun hir war vum 1. Mee 2018 un den Norbert Haupert den éischte President [6].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Loi du 13 février 2018 portant sur la gestion des édifices religieux et autres biens relevant du culte catholique, ainsi que sur l'interdiction du financement des cultes par les communes. legilux.public.lu (13/02/2018). Gekuckt de(n) 05/10/2019.
  2. Loi du 23 juillet 2016 réglant le montant et les modalités d'octroi du soutien financier annuel à l'Église catholique (...). legilux.public.lu (23/07/2016). Gekuckt de(n) 05/10/2019.
  3. Am Detail opgelëscht an der Annex I vum Gesetz vun 2018
  4. Am Detail opgelëscht an der Annex II vum Gesetz vun 2018
  5. Madame Dr Marianne Bausch-Koenig nommée à la tête du conseil d'administration du Kierchefong. Gekuckt de(n) 26. Juli 2021.
  6. Depôt L180067961 Modification (rectificatif) lbr.lu (03/05/2018). Gekuckt de(n) 05/10/2019.