Kierchefabréck

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Qsicon Achtung.png 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft w.e.g. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.

Ënner Kierchefabréck versteet een haut eng Organisatioun, där hier Aufgab et ass, déi materiell Gidder vun enger Par ze verwalten. Se muss awer och dofir suergen datt d'Gottesdéngschter an adequater Form ofgehale kënne ginn. Well d'Pare selwer keng juristesch Persoune sinn, ginn d'Kierchefabrécke gebraucht fir hiert d'Verméigen ze verwalten.

D'Kierchefabrécke sinn duerch en Dekret vun 1809 entstanen [1], an deem folgendes steet: Les fabriques sont chargées de veiller à l'entretien et à la conservation des temples; d'administrer les aumônes et les biens, rentes et perceptions autorisées par les fois et règlements, les sommes supplémentaires fournies par les communes, et généralement tous les fonds qui sont affectés à l'exercice du culte, enfin, d'assurer cet exercice, et le maintien de sa dignité, dans les églises auxquelles elles sont attachées, soit en réglant les dépenses qui y sont nécessaires, soit en assurant les moyens d'y pourvoir.

Zesummesetzung a Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierchefabrécke setzen sech aus dem Kiercherot an dem Bureau des marguilliers zesummen. A Pare mat méi wéi 5.000 Kierchemembere besteet de Kiercherot aus néng Persounen, bei méi klengen nëmmen aus fënnef Persounen. De Paschtouer an de Buergermeeschter vun der Gemeng, op där hirem Gebitt d'Par ass, sinn ëmmer am Kiercherot. Wann et an enger Gemeng e puer Pare gëtt, dann ass de Buergermeeschter an all deene Kiercheréit. Bei der éischter Besetzung no der Grënnung vun engem Kiercherot bestëmmt de Bëschof bei Pare mat méi wéi 5.000 Memberen, fënnef an den Inneminister (fréier de Prefekt) véier Memberen an de Kiercherot, bei méi klenge Pare sinn et der dräi respektiv zwéi Memberen.

Dem Kiercherot steet als Exekutiv e Bureau des marguilliers (Kierchendénger) zur Säit. D'Verhältnes tëscht Kiercherot a Büro ass vergläichbar mat dem Gemengerot a Schäfferot an de Gemengen. De Büro besteet aus dem Paschtouer an dräi Memberen déi vum Kiercherot gewielt ginn.

All dräi Joer gëtt de Kiercherot deelweis erneiert. Déi nei Membere gi vun de Reschtmembere gewielt. Ënner de Membere vum Kiercherot gëtt e President an e Sekretär gewielt. De Buergermeeschter an de Paschtouer si vun dësen zwou Funktiounen ausgeschloss. De Kiercherot decidéiert iwwer de Budget, de Joresrapport vum Tresorier an déi aussergewéinlech Ausgaben.

D'Kierchefabrécke stinn ënner kierchlecher an ziviler Tutelle a mussen dem Bistum an der jeeweileger Gemeng Rechenschaft ofleeën. Bei gréisseren Ausgabe brauche se dowéinst d'Zoustëmmung vum Bëschof a vum Buergermeeschter an indirekt och vum zoustännege Ressort aus dem Inneministère.

Finanzen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Dekret vun 1809 no ass en Tresorier fir d'Verwaltung vun de Finanzen zoustänneg. Hie muss all Joers de leschte Sonndeg am Mäerz dem Bureau des marguilliers e Joresbilan virleeën. Ass de Bilan negativ, muss déi jeweileg Gemeng, an där d'Par ass, deen Defizit auszgläichen. E Rapport am Optrag vun der Regierung vum Oktober 2012 huet festegstallt, datt vill Patrimoine, deen de Kierchefabrécke vermaacht gouf, an Asbl-en oder Stëftungen iwwerdroe gouf, a sou net an de Bilanen opdaucht. Och de Syvicol huet den 10. Dezember 2012 festgestallt,[2] datt e groussen Deel vum Verméige vun de Kierchefabrécken net an hire Bilanen opdtaucht, mam Resultat, datt den Defizit, dee vun de Gemengen auszegläichen ass, méi grouss ass, wéi en am Fong misst sinn.[3]

Defizit vun de Kierchefabrécken, deen d'Gemengen hu missen ausgläichen (a Millounen Euro) [4][änneren | Quelltext änneren]

2004: 10,947 2009: 9,866 2012: 11,556 2015: 13,592*
2007: 8,075 2010: 9,864 2013: 09,832
2008: 10,693 2011: 11,131 2014: 11,741

* viraussichtlech

Am Summer 2015 wäert d'Regierung e Gesetzprojet an der Chamber deposéieren, fir d'Organisatioun vun de Kierchefabécken nei ze regelen.[5]

Zuel vu Kierchefabrécken zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell (2014) 285 Kierchefabrécken, dat sinn der 10 méi wéi et Pare gëtt. Dat kënnt dohier well fir d'Filialkierche vu verschiddene gréissere Paren eege Kierchefabrécke bestinn.

Syndikat vun de Kierchefabrécken[änneren | Quelltext änneren]

Ausgeléist duerch eng Vollversammlung vun de Kiercheréit zwee Joer virdrun, gouf den 30. Abrëll 2014 am Centre Jean XXIII de Syndicat des fabriques d'église du Luxembourg asbl (Syfel) gegrënnt, an där 248 Kierchefabrécken als Grënnungsmember vertruede sinn.[6] Am Syndikat ass och e Vertrieder vum Bistum, en ass awer trotzdem géigeniwwer dem Bistum eegestänneg.[7]

Gesetzprojet iwwer d'Ännere vum Dekret vun 1809[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Achtung.png 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft w.e.g. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.

De 27. Mee 2015 huet d'Regierung de Gesetzprojet Nr. 6824 an der Chamber deposéiert Portant modification du décret du 30 décembre 1809. Am Dezember 2015 louch den Avis vum Staatsrot vir. E soll Februar 2016 an der Chamber diskutéiert ginn.[8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (DS): Die Rechte und Pflichten der Kirchenfabrik. Luxemburger Wort vum 8. September 2014, S. 3.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/1809/0002/a002.pdf#page=1 Bulletin des Lois N° 303
  2. "Relations futures entre l'Etat et les communautés religieuses au Luxembourg: Prise de position du Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises." op syvicol.lu, 10/12/12.
  3. Serge Kennerknecht: "Eigenkontrolle ist die beste." In: tageblatt, 29.05.2015, S.10.
  4. Äntwert vum Inneminister Dan Kersch op eng Parlamentaresch Ufro vum Justin Turpel vum 31. Mäerz 2015 (Q-2014-O-E-1030-01), zit. in: Patrick Welter: "Nur Gott verpflichtet?" In: Lëtzebuerger Journal 29.05.2015, S.17.
  5. "13,6 Millionen Euro fließen in die Kirchen." lessentiel.lu, 28. Mai 2015 07:22; Akt: 27.05.2015 19:12.
  6. Syndikat der Kirchenfabriken - 248 Kirchenfabriken finden gemeinsames Sprachrohr op wort.lu den 8. Mee 2014
  7. Conseil presbyteral - Sitzung vom 14. Februar 2014
  8. Josée Hansen: "Guerre de mouvement." Lëtzebuerger Land Nr.3, 15. Januar 2016, S.5.