Pierre Funck (Architekt)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Architekt Pierre Funck. Fir aner Leit mat demselwechten Numm, kuckt w.e.g. Pierre Funck.
De Pierre Funck.
De Conrotseck an der Stad Lëtzebuerg. D'Pläng fir déi 'nei' Fassad vun 1897 [1] ware vum Pierre Funck.[2]
D'Servais-Haus an der Stad.

De Pierre Funck, gebuer den 30. Abrëll 1846[3] an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 10. Mee 1932, war e lëtzebuergeschen Architekt.

Hien huet op der École des beaux-arts zu Paräis Architektur studéiert an do en Diplom gemaach.

Vun him sinn de Konvikt, d'Gebaier vun der Champagenerkellerei Mercier, d'Letelliers-Schlass um Ousterholz an zesumme mam Paul Funck dat aalt Gebai vun der Banque internationale à Luxembourg entworf an ausgeféiert ginn. Zesumme mat sengem Jong Paul Funck huet en de Stater Cercle Municipal, an zesumme mam Münchner Architekt Max Ostenrieder, d'Schlass vu Kolmer-Bierg gebaut.


Hien huet zesumme mam Pierre Kemp tëscht 1880 an 1882 de Casino Luxembourg an der Ënneschtgaas gebaut.

Beim Bau vun der Fondation Pescatore huet hien, zesumme mam Pierre Kemp, d'Aarbechte geleet. A Loutrengen huet en eng ganz Rëtsch Gebaier fir Schmelzen an hir Direktioune gebaut, an zu Saarbrécken an zu Metz d'Haiser vun der Banque Internationale. Och eng ganz Rei Haiser zu Lëtzebuerg si vun him geplangt ginn, sou z. B. d'Servais-Haus um Stater Boulevard Royal oder de Conrotseck um Krautmaart.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes : illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 159
  • Philippart, R., 2007. Pierre Funck (1846-1932). In (S. 116): Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre Funck (Architekt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf, den Datum am Steen ganz uewen um Gebai.
  2. Den Numm vum Architekt ass, riets ënner dem Ecktuerm, iwwer der Pietà, an de Stee gemeesselt.
  3. Pierre Gilbert, La capitale et ses architectes : illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, S. 159
  4. Memorial N°50 vum 23. Juli 1904 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen