Servais-Haus (Boulevard Royal)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Haus vum Emile Servais um Boulevard Royal an der Stad. Fir d'Servais-Haus zu Miersch (haut Nationale Literaturzenter), kuckt wgl. Servais-Haus (Miersch). |
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Koordinaten | 49°36'35,179"N, 6°7'35,440"O |
| Donnéeë vum Gebai | |
|
| |

D'Servais-Haus um Boulevard Royal an der Stad Lëtzebuerg ass en Haus aus dem Enn vum 19. Joerhonnert. D'Haus gouf vum Émile Servais (1847-1928) no de Pläng vum Pierre Funck baue gelooss. Et ass eent vun deene wéinege Gebaier aus där Zäit déi bis haut um Boulevard Royal erhale sinn; et ass zanter dem 4. Februar 2022 als nationaalt Kulturierwe klasséiert[1].
D'Haus steet op der Nr. 59, op der Kräizung mat dem Boulevard F.D.-Roosevelt an der Avenue Marie-Thérèse, um westlechen Enn vum Haiserblock tëschent der Ënneschtgaass an dem Boulevard Roosevelt.
Opfälleg ass, datt d'Haus mat rouden Zille gebaut ass. D'Haaptentrée ass an engem Fassadegiewel mat Balcon an huet e monumentaalt Portal.
D'Gebai gehéiert der BGL BNP Paribas, déi et vun Abrëll 2015 bis … [Wéini?] dem Lux Future Lab - en Inkubator fir Start-Up Societéiten a Beräicher wéi der Fin-Tech, de Social Media an dem Entertainment - zur Verfügung gestallt huet.[2] Am Joer 2025/26 ass d'Gebai renovéiert ginn.
Geschicht vum Haus
[änneren | Quelltext änneren]1893 huet den Émile Servais, deen an der Kongregatiounsstrooss gewunnt huet, den Terrain nieft dem Casino Luxembourg vun der Société anonyme du Casino de Luxembourg ofkaaft fir do e Familljenhaus bauen ze loossen[3]. D'Pläng ware vum Architekt Pierre Funck, deen och d'Pläng vum Casino niewendru gezeechent hat[3].
1928 ass den Émile Servais a sengem Haus um Boulevard Royal gestuerwen[4].
No 1945 haten noeneen eng Bank mat Reesbüro (Banque et Bureau de voyages Derulle-Wigreux et fils), de Reesbüro Jos. Weitzel, d'Banque européenne du Luxembourg resp. d'Banque Lambert-Luxembourg, d'Banque générale du Luxembourg an d'ABBL (Association des banquiers, Luxembourg) hir Büroen am Gebai[3].
Nodeems 2012 d'House of Finance op de Kierchbierg geplënnert ass, stoung d'Gebai dräi Joer eidel[5]. Am Abrëll 2015 huet dunn d'BGL BNP Paribas d'Gebai dem Lux Future Lab zur Verfügung gestallt. 2015 haten 19 Start Ups hir Büroen am Gebai[2].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Aner bemierkenswäert fréier Wunnhaiser an der Stad Lëtzebuerg:
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Abrëll 2026).
- 1 2 Wammer, K., 2015. Lux Future Lab, Großer Andrang für frische Ideen. Luxemburger Wort vum 23. Abrëll 2015, S.12.
- 1 2 3 Den Émile Servais op der Websäit Industrie.lu
- ↑ Legend ënner der Foto vum Marcel Schroeder (Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg) vum Servais-Haus an der Foto-Ausstellung iwwer de Boulevard Royal am Ratskeller vum Cercle municipal am September 2014.
- ↑ Archive copy Archivéiert de 26.09.2016. Gekuckt den 18.04.2016.
