Maison berbère

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat dem fréieren Haus an der Glesenerstrooss zu Lëtzebuerg Maison berbère. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Maison berbère (Homonymie).

D'Maison berbère war e Jugendstil-Haus aus dem Joer 1930 an der Glesenerstrooss (rue Glesener) an der Stad Lëtzebuerg, dat Enn 2010 ofgerappt gouf.

Den Numm krut d'Haus vum Restaurant Maison Berbère deen dra gefouert gouf. Virdrun huet d'Haus Villa Goebbels geheescht.

Wéi 2010 bekannt gouf, datt d'Villa sollt ofgerappt ginn, hu Vertrieder vun der Associatioun Luxembourg Patrimoine op den architektonesche Wäert vum Gebai opmierksam gemaach. Well awer d'Haus net klasséiert war, konnt d'Ofrappen net verhënnert ginn. D'Polemik déi dobäi ausgeléist gouf, huet dozou gefouert. datt e Mäzen sech fonnt huet, deen d'Haus als sollecht kaaft huet. Et gouf dunn Enn 2010 Stee fir Steen ofgerappt, fir et spéider an der Tréierer Strooss (route de Trèves) zu Gréiwemaacher nees opzeriichten.

Op der neier Plaz soll sech d'Villa harmonesch an d'Noperschaft vun anere Gebaier aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert areien.

De Service des sites et monuments nationaux huet 30% vun de Käschte vun der Rettungsaktioun iwwerholl.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Den Evrard Goebbels war vun Eschweiler-Röhe, bei Oochen, op Lëtzebuerg gezunn, wou hien eng Papeterie en gros gegrënnt huet. 1914 huet hie sech mat der Marie Kremer vun Esch-Uelzecht bestuet, an 1930 hu si zesummen eng Villa, déi spéider Maison berbère an der Glesenerstrooss am Garer Quartier baue gelooss[1].

Ee vun den Enkele vum Evrard Goebbels ass de Politiker Robert Goebbels[2].

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • raz, 2011. "Maison Berbère" ist abgerissen. Wiederaufbau soll in Grevenmacher erfolgen. Luxemburger Wort vum 5. Januar 2011, S. 23.
  • Schaack, R., 2012. Maison «berbère»? Lieserbréif am Luxemburger Wort vum 29. September 2012, S. 22.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. R. Schaack, Luxemburger Wort vum 29. Sept. 2012. Den Auteur insistéiert drop, datt d'Haus korrekterweis Maison Goebbels-Kremer misst genannt ginn.
  2. R. Schaack, Luxemburger Wort vum 29. Sept. 2012.