BGL BNP Paribas

Vu Wikipedia
BGL BNP Paribas
D'Gebai vun der BGL BNP Paribas um Boulevard Royal
an der Stad Lëtzebuerg, ier et 2016 ofgerappt gouf.
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 1919
Sëtz 50, Avenue J.F. Kennedy
2951 Lëtzebuerg
Leedung Béatrice Belorgey
Mataarbechter 3940 (2022)
Branche Bankservicer
Homepage www.bnpparibas.lu

D'BGL BNP Paribas ass eng Bank a Form vun enger Société anonyme no Lëtzebuerger Recht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Si gouf 1919 als Banque générale du Luxembourg (BGL; Generalbank) gegrënnt.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Am Joer 2000 ass si vun der Fortis-Grupp iwwerholl ginn, déi awer duerch d'Finanzkris am Joer 2008 zäitweis vum belschen a lëtzebuergesche Staat iwwerholl gouf.

De 5. Oktober 2008 hunn déi belsch a lëtzebuergesch Regierungen decidéiert, datt déi franséisch BNP Paribas Bank duerch Investitioun vu 14,5 Milliarden Euro déi belsch an déi lëtzebuergesch Fortis-Filialen iwwerhuele sollt.

An Erwaardung vun der Ofwécklung vum Geschäft mat BNP Paribas huet d'Fortis Bank Lëtzebuerg den Numm gewiesselt an nees ënner dem fréieren Numm BGL weidergeschafft.

Am Mee 2009 gouf BNP Paribas Haaptaktionär vun der BGL mat 65,96 % vum Kapital. De Lëtzebuerger Staat ass mat 34 % vum Kapital Aktionär bliwwen. Mat Wierkung vum 21. September 2009 huet d'BGL den Numm geännert an huet vun do un als BGL BNP Paribas geschafft.

Am Februar 2010 gouf BNP Paribas zu 100 % Aktionär. No der formaljuristescher Fusioun den 1. Oktober 2010 gouf den 30. Oktober als Ofschloss den Transfert vun den Aktivitéite vu BNP Paribas Luxembourg S.A. op déi technesch an operationell Plattform vu BGL BNP Paribas gemaach.

BGL BNP Paribas ass mat 3.830 Employéen de gréisste Patron op der Finanzplaz Lëtzebuerg an den zweetgréisste private Patron.[1] 2022 louch den Nettogewënn bei 408,1 Mio. Euro.

De President vum Exekutiv-Comité (Generaldirekter) war vun 2005 bis Juli 2018 de Carlo Thill, duerno huet de Geoffroy Bazin déi Funktioun iwwerholl, bis deen am Juli 2020 zeréckgetrueden ass. Seng Nofolleg gëtt vun der Béatrice Belorgey iwwerholl[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: BGL BNP Paribas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Überblick" op bgl.lu (gekuckt: 2013-01-23).
  2. Mam Béatrice Belorgey eng nei Spëtzt bei der BGL BNP Paribas. rtl.lu (10.07.2020). Gekuckt de(n) 10.07.2020.