Émile Servais

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Emile Servais)
Émile Servais
Gebuer 26. September 1847
Lëtzebuerg
Gestuerwen 24. Oktober 1928
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léck
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Famill
Papp Emmanuel Servais
Kanner Marguerite Mongenast-Servais, Franz Servais

Den Émile Servais, gebuer de 26. September 1847an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 24. Oktober 1928[1] war e lëtzebuergesche Politiker an Ingenieur. Hie war de Jong vum Emmanuel Servais (1811-1890).

No senger Ausbildung als Ingenieur, 1863-1868 an der École des arts et manufactures et des mineszu Léck, war hie vun 1869 bis 1872 Direkter vun der Schmelz vun Eschweiler-Aue. Duerno war hie vun 1873 bis 1877 Direkter vun der Schmelz vu Colmar, 1877 vun der Hollerecher Schmelz a vun 1878 u vun der Weilerbacher Schmelz[2]. Hie gouf 1877 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent.

Hie war och 50 Joer laang am Verwaltungsrot vun der S.A. luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri. 1877 gouf hie Member vun der Kommissioun vun der Weltausstellung[3] an 1878 Regierungskommissär fir d'Weltausstellung vu Paräis. 1888 war hie Matgrënner a Gerant vun der S.A. des hauts-fourneaux de Rumelange-Ottange a méi spéit Gerant vun der Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG, a souz am Verwaltungsrot vun enger Rëtsch industrieller Entreprisen[1].

Den Émile Servais war e lénks-liberale Politiker, dee sech fir d'allgemengt Walrecht a besser Konditioune vun den Aarbechter agesat huet. Hien huet zesumme mam Charles Munchen, dem Charles-André Engel a sengem Brudder, dem Charles Servais, eng Zeitung gegrënnt, déi ënner dem Titel Das Echo (vun 1891 un L'Echo) tëscht dem 18. Oktober 1890 an dem 1. Januar 1898 ufanks als Dageszeitung, zum Schluss just nach als Wochenzeitung, erauskoum[1].

1893 gouf en an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. Hie war och vun 1893 bis 1899 Deputéierten an der Chamber[4].

Nom Enn vum Éischte Weltkrich war hien ee vun den Haaptleit, déi de Récktrëtt vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde an d'Schafe vun enger Republik zu Lëtzebuerg gefuerdert hunn.

Den 9. Januar 1919 gouf de sougenannte Comité de Salut Public, dee virun allem aus verschiddene lénks-liberale Politiker bestoung, gegrënnt. Den Émile Servais gouf säi President. Hie gouf dann och zum éischte President vun der Republik Lëtzebuerg ernannt. Well d'Republik awer ni vun der Chamber ugeholl gouf, an den Dag duerno franséisch Truppen dem republikaneschen Opstand en Enn gesat hunn, huet hien dat Amt och ni ugetrueden.

D'Gebai um Eck vum Boulevard Royal a Boulevard Roosevelt

Den Émile Servais war mat der Louise Majerus (1855-1924) bestuet, der Duechter vum François Majerus, sengem Virgänger als Direkter vun der Kolmarer Schmelz. Si sinn d'Eltere vun der Marguerite Mongenast-Servais. Hien huet um Eck vum Boulevard Royal an dem haitege Boulevard Franklin D. Roosevelt eng Villa baue gelooss, déi opfälleg mat rouden Zille gebaut war[1].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Servais-Haus (Boulevard Royal).

Gielercher[1][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hiltrud Holzberger: "Fast Präsident der Republik Luxemburg: Der Weilerbacher Eisenindustrielle Emil Servais als Politiker."In: Heimatkalender Landkreis Bitburg-Prüm 2005, S.206-215.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Émile Servais – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 "Emile Servais". Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 20, p. 592-607. luxemburgensia.bnl.lu.
  2. [1] industrie.lu
  3. Mémorial A N° 7 vum 17. Februar 1877
  4. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, ISBN 2-87954-021-6, S. 528