Charles Munchen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Charles Munchen
Paulskirche Munchen.jpg
Gebuer 4. September 1813
Iechternach
Gestuerwen 4. Januar 1882
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Däitscht Keeserräich
Educatioun Universitéit vu Léck,
Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Politiker, Journalist, Affekot
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Franz Carl oder François Charles Munchen, gebuer de 4. September 1813 zu Iechternach[1] a gestuerwen de 4. Januar[2] 1882 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist, Journalist, a Politiker.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Charles Munchen war 1848 Member vun der Assemblée constituante a vun 1848 bis 1849 Member vun der Frankfurter Nationalversammlung.

Nieft dem Charles Metz an dem Emmanuel Servais war de Charles Munchen ee vun de „Pappen“ vun der Lëtzebuerger Constitutioun vun 1848[3].

Hien huet déi éischt Lëtzebuerger satiresch Zäitschrëft mam Titel L'Arlequin erausginn, vun där am Ganzen 3 Nummeren tëscht Mäerz a Mee 1848 erauskoumen[4].

De Munchen huet 1850 och déi éischt Pasinomie publizéiert, eng Sammlung vu legale Bestëmmungen, déi net am Mémorial verëffentlecht goufen[5].

Vum 14. Januar 1868 bis den 13. August 1881 war hie Member vum Staatsrot[6].

Heraldik an aner Interessen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Louis Wirion no war de Munchen den éischte Lëtzebuerger dee sech fir d'Heraldik interesséiert huet. Hien hat 1840 en Entworf fir de Lëtzebuerger Fändel an de Faarwe wäiss - rout - himmelblo gemaach. Ob de Munchen seng Fanger och am Spill hat fir déi definitiv Versioun vum Fändel vun 1845 ass – dem Wirion no – net gewosst[7].

De Charles Munchen war 1845 Grënnungsmember vun der Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-duché de Luxembourg, aus där 1868 d'Section historique vum Institut Grand-ducal gouf. 1850 huet hien och d'Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg matgegrënnt; se gouf méi spéit als Section des sciences naturelles et mathématiques an den Institut Grand-ducal integréiert[7].

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

De Charles Munchen huet sech de 17. Februar 1842 mat der Marguerite Angélique Pescatore bestuet; d'Koppel krut dräi Meedercher: d'Laure, d'Angéle an d'Résie[5].

1858 huet hien d'Schlass Gréiwels kaaft an et ëmgebaut, vergréissert a renovéiert.

De François Charles war de Monni vum Alphonse Munchen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

1878 gouf hie Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne[3].

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • München, Charles. La Constitution Luxembourgeoise Et Les Couvents. Luxembourg: Th. Schroell, 1873. Print.
  • München, Charles. Célébration Du Jubilé Centenaire Le 16-V-5876 (16 Juillet 1876) Dans La Loge Centrale Des Enfants De La Concorde Fortifiée : Rapport Historique. Luxembourg: Th. Schroell, 1900. Print.
  • München, Charles. La Question De L'évêché Luxembourgeois. Luxembourg: Th. Schroell, 1872. Print.
  • München, Charles. Blason Des Comtes Et Ducs De Luxembourg. Luxembourg: V. Bück, 1865. Print.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Jules Mersch, François-Charles Munchen. Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 02 - S. 429. luxemburgensia.bnl.lu. Gekuckt de(n) 04.01.2022.
  2. oder de 5. Januar (cf wikitree.com)
  3. 3,0 3,1 (fr)Jules Mersch, François-Charles Munchen. Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 02 - S. 431. luxemburgensia.bnl.lu. Gekuckt de(n) 04.01.2022.
  4. ibidem, S. 428
  5. 5,0 5,1 ibidem, S. 438
  6. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  7. 7,0 7,1 ibidem, S. 439