Paul Funck
Ausgesinn
Paul Funck | |
---|---|
Gebuertsnumm | Paul Michel Funck |
Gebuer |
5. September 1875 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
14. Mee 1939 Péiteng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
Famill | |
Papp | Pierre Funck |
De Paul Michel Funck, gebuer de 5. September 1875 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 14. Mee 1939 zu Péiteng[1], war e lëtzebuergeschen Architekt.
Hie war de Jong vum Architekt Pierre Funck. Hien huet op der École des beaux-arts zu Paräis Architektur studéiert an do en Diplom gemaach.[2]
Seng Cousine, d'Adolphine Funck war mam Ernest Vander Linden bestuet. Seng Kosenge waren de Karl an de Paul Bonatz, och bekannt Architekten.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Cercle Municipal op der Plëss d'Arem zu Lëtzebuerg-Uewerstad (zesumme mat dem Pierre Funck)
- Geschäft Sternberg (1935) zu Lëtzebuerg-Uewerstad
- Banque générale zu Esch-Uelzecht
- den Neibau vun der Kierch zu Heeschdref (1906-1908)[3]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Sternberg-Gebai
-
Banque générale Esch/Uelz.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 177
- Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 115
- Lorang, Antoinette, 1988, Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté: Späthistoristische Architektur in Luxemburg. Vol. CIII, PSH, S. 300
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Doudesannonce vum Paul Funck am Luxemburger Wort vum 15. Mee 1939 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 24.02.2015.
- ↑ Funck, Paul, Dictionnaire des élèves architectes de l’École des beaux-arts de Paris (1800-1968), Institut national d'histoire de l'art (France).
- ↑ Websäit vun der Par Steesel-Walfer Sainte-Trinité