Diskussioun:Joseph-Kutter-Stèle

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ech froe mech op de Lemma Joseph-Kutter-Stèle gutt ass? Soll den Artikel net besser op Joseph-Kutter-Monument geréckelt ginn?
De J.-E. Muller (1976) gebraucht, am franéischen text, den Numm "Monument Kutter".
De Léon Blasen (1985) gebraucht, am Titel vum Télécran-Artikel, den Numm Joseph-Kutter-Stèle.
Wat mengen d'Kollegen? Cayambe 21:43, 13. Okt 2008 (UTC)

Soulaang vun der Säit Joseph Kutter e Link dohinner féiert, ass et mMn zimmlech eens (et ass jo keen "offiziellen" Numm). Fir e Rimm bei d'Brëttellen ze dunn, kann ee jo noch e Redirect vun Joseph-Kutter-Monument zwaffen ;-) --Zinneke 08:27, 14. Okt 2008 (UTC)


Salut,
Fir mech ass Stèle och an der Rei. Et gëtt menger Meenung net vill Altenativen dozou, ausser Sail oder Gedenksteen, fir nëmme vun der Skulptur selwer ze schwätzen. Fir dat Ganzt mam Sockel passt Monument och. Les Meloures 08:49, 14. Okt 2008 (UTC)

Fréier huet dat op Lëtzebuergesch Stäil geheescht. --Cornischong 10:59, 14. Okt 2008 (UTC)

Ech maachen direkt dem DFL eng elektronesch Noriicht. Dee schéngt dat net ze wëssen.
Les Meloures 13:19, 14. Okt 2008 (UTC)


P.s. Dat Wuert Stäil kënnt mer awer bekannt vir, a verschiddene Géigende vum Land gëtt et amplaz vum Potto gebraucht. Telefonsstäil, oder Parkestäil, ass gängeg am Norde vum Land. Les Meloures 13:27, 14. Okt 2008 (UTC)

"Dem DFL" eng elektronesch Noriicht ze maachen dierft net einfach sinn, well "den DFL" keng Mailadress huet. Et wier besser gewiescht, mol e Bléck an "den" Dictionnär ze geheien. --Cornischong 20:41, 14. Okt 2008 (UTC)

Wanns de Dech gutt kanns erënneren hat ech de Leit déi den DFL gemaach hunn schonns emol eng Mail gemaach. Wanns De Däin elekronesche Courrier net geläscht hues misst de mäin Transfer vun der Äntwert déi ech deemols krut, an déi ech de Wikismembere weidergeschéckt hat nach do fannen. Deemno ass et ganz einfach fir deene Leit eng Mail ze maachen. Les Meloures 10:10, 15. Okt 2008 (UTC)
Ech wäert dat deemnächst wann ech an der Stad si maachen. Well ech den Dictionnaire net hunn, muss ech mech dofir an d'Nationalbiliothéik beméien. Merci fir de gudde Rot. Les Meloures 21:44, 14. Okt 2008 (UTC)


Zevill Rosé?[Quelltext änneren]

"D'Skulptur, déi de Kënschtler L'Accord genannt huet, ass aus hellem rosafaarwegem portugisesche Marber." Déi interessant Ausso gouf vun engem Méibesserguttwësser verbessert, a se heescht vun do un "D'Skulptur, déi de Kënschtler L'Accord genannt huet, ass aus Estremoz-Rosé-Marber." Dat ass jo faszinant. Wann een d'Foto gesäit, da kënnt dat Déngen engem (dreckeg) wäiss vir. Dat ass och kee Wonner: Déi Fra, déi d'Stèle bis elo e puer Mol restauréiert huet, huet mer ausdrécklech confirméiert, datt déi Stèle aus "Carrara-Marmer" ass, an zwar aus "wäissem", wéi all Mënsch, deen déi Stèle aus enger Distanz vu manner wéi zéng Meter gesäit, sech selwer iwwerzeege kann. A Carrara läit net a Portugal. Da wäerte sech d'Leit d'Fro stellen, wou déi rosafaarweg Geschichten hierkommen. D'Kiischt um Kuch ass natierlech den Estremoz-Rosé. Dat héiert sech no Wäin un. --Cornischong 20:41, 14. Okt 2008 (UTC)

Gudde Moien,

Ob et Carraramarmer oder portugisechen ass weess ech net. Am Artikel stoung rosafaarwege portugisesche Marber, an dat dat ass den Estremoz-Rosé. Les Meloures 21:07, 14. Okt 2008 (UTC)

Moien och,
De rosae portugisesche Marber duerch Carrara-Marber z’ersetze war keng gutt Idee.
1. De J.-E. Muller, dee secherlech beschte Kenner vum Wercollier a senge Skulpture schreift, 1976 an 1983 (S. 116), datt d’Skulptur am Pescatore-Park aus rosaem portugisesche Marber besteet. (Déi kleng Versioun awer vu 1965 ass aus Carrara-Marber, cf. Artikel).
2. Wann een sech d’Skulptur am Park vu No ukuckt, erkennt een e liicht awer däitleche rosaen an och bloe Faarfstéch. (Och op menger Foto an héiger Opléisung ze gesinn).
FAZIT: Wann net e Fachmann/Fra eis geschwënn vum Carrara-Marber iwwerzeegt, ersetzen ech en erëm duerch de portugisesche Marber.--Cayambe 09:59, 15. Okt 2008 (UTC)


Moie Cayambe. Aus de Fangere gesuckelt hunn ech mer dat net. Ech hat mech am Architektebüro vun der Stad Lëtzebuerg bei der Restauratrice, der Madame Gisèle Reuter ëmfrot, déi déi d'Stèle bis elo e puer Mol restauréiert huet an ambulant vum Graffiti gebotzt huet, an direkt Bescheed wousst, ëm watfir eng Stèle et geet. Déi huet, wéi scho geschriwwen, mer ausdrécklech confirméiert, datt et wäisse Carrara-Mamer ass. Well an dësem Fall ee sech net nëmmen e bëssen iert, fänkt dat Ganzt un, mech z'interesséieren. Datt mer net zu zwee dat selwecht maachen, kéinte mer eis arrangéieren. Däin 2. Punkt: Ech war mer dat gutt Stéck och ukucken. Well dat guer net einfach ass mat där Matière, ass een natierlech op Fachleit ugewisen. Well d'Fachleit net heihi kommen, misst ee sech schonns op de Wee maachen. Wann et der geet, da schloen ech der vir, bei de Jacquemart Rot ze froen. Ech loosse mech gär beléieren. --Cornischong 00:51, 17. Okt 2008 (UTC)