Joséphine-Charlotte vun der Belsch
| Joséphine-Charlotte | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Titelen | |
|
Groussherzogin vu Lëtzebuerg | |
| Zäit | Vun 1964 bis 2000 |
| Biographie | |
| Gebuer | 11. Oktober 1927 |
| Gestuerwen |
10. Januar 2005 Schlass Fëschbech |
| Bestuet mat | Jean vu Lëtzebuerg |
| Papp | Leopold III. vun der Belsch |
| Mamm | Astrid vu Schweden |
| Geschwëster | Baudouin vun der Belsch, Albert II. vun der Belsch, Alexander vun der Belsch, Marie-Christine vun der Belsch, Maria-Esméralda vun der Belsch, Ingeborg Verdun |
| Kanner | Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Henri vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Margaretha vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg |
| Gielercher | Grousskräiz vum Sankt-Olav-Uerden |
|
| |
D'Joséphine-Charlotte, Ingeborg, Elisabeth, Marie-Josée, Marguerite, Astrid, gebuer den 11. Oktober 1927 zu Bréissel als Prinzessin vun der Belsch, a gestuerwen den 10. Januar 2005 op Schlass Fëschbech war, als d'Fra vum Grand-Duc Jean, Groussherzogin vu Lëtzebuerg.
D'Prinzessin Joséphine-Charlotte war déi eelst Duechter vum spéidere Kinnek Leopold III. a senger Fra, der Prinzessin Astrid vu Schweden. Hir Kandheet huet se ufanks zu Stuyvenberg verbruecht, 1944 gouf se mat hirem Papp an Däitschland ënner Hausarrest gestallt a goung nom Krich mat hirer Famill op Prégny bei Genf wunnen, wou d'Joséphine-Charlotte Kannerpsychologie studéiert huet.
Den 9. Abrëll 1953 huet si den Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg bestuet. Aus dësem Bestietnes gounge 5 Kanner ervir:
- D'Prinzessin Marie-Astrid,
- de Prënz Henri (Groussherzog vum 7. Oktober 2000 bis den 3. Oktober 2025),
- de Prënz Jean,
- d'Prinzessin Margaretha an
- de Prënz Guillaume.
Den 12. November 1964 ass de Prënz Jean senger Mamm Charlotte op de Lëtzebuerger Troun gefollegt, d'Joséphine-Charlotte gouf Groussherzogin.
Vun 1964 un ass d'Joséphine-Charlotte Presidentin vum Lëtzebuerger Lëtzebuerger Roude Kräiz gewiescht an huet eng sëllegen aner Wueltätegkeetsorganisatioune patronéiert. Si war staark u moderner Konscht intresséiert.
D'Philharmonie um Kierchbierg an eng Metrosstatioun zu Bréissel sinn no hir benannt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Joséphine-Charlotte vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Noruff am Spiegel vum 10. Januar 2005: Großherzogin Josephine-Charlotte verstorben
