Leopold III. vun der Belsch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Leopold III. a seng Fra Astrid

De Leopold III., gebuer den 3. November 1901 zu Bréissel a gestuerwen den 25. September 1983 zu Woluwé Saint-Lambert; mam ganzen Numm Leopold Philippe Charles Albert Meinrad Hubertus Marie Miguel, war vun 1934 bis 1951 Kinnek vun de Belsch. Hie koum aus der Adelsfamill Sachsen-Coburg a Gotha.

Hie war de Jong vum Kinnek Albert I. Am Éischte Weltkrich war hien einfachen Zaldot am 12. Belsche Regiment. Duerno huet hien um St. Anthony's Seminary zu Santa Barbara a Kalifornien studéiert.

De 4. November 1926 huet hien zu Stockholm d'Prinzessin Astrid vu Schweden bestuet, déi jéngst Duechter vum Prënz Carl vu Schweden an der Prinzessin Ingeborg vun Dänemark. Si kruten dräi Kanner:

De Leopold koum den 23. Februar 1934 als Leopold III. op de belschen Throun. Den 29. August 1935 hat hien an der Vakanz bei Küssnacht am Rigi en Autosaccident; seng Fra, déi bei him war, huet den Accident net iwwerlieft. Den 11. September 1941 huet hie sech fir d'zweet bestuet, mat der Mary Lilian Baels (1916-2002). Si kruten dräi Kanner, déi awer net zu der Trounfolleg berechtegt waren:

  • Alexander, Prënz vun der Belsch (* 18. Juli 1942 zu Bréissel; † 29. November 2009)
  • Marie-Christine, Prinzessin vun der Belsch (* 6. Februar 1951 zu Bréissel)
  • Maria-Esmeralda, Prinzessin vun der Belsch (* 30. September 1956 zu Bréissel)

Wéi déi däitsch Truppen am Mee 1940 d'Belsch iwwerfall hunn, huet de Premierminister Hubert Pierlot de Kinnek gedirängelt, e sollt an den Exil goen, fir vun do géint d'Däitsch Räich ze kämpfen. Well et awer virauszegesi war, datt Frankräich séier verléiere géif, huet de Leopold decidéiert, am Land bei sengen Truppen ze bleiwen. Well d'Regierung am Exil war, war et hien, deen den 28. Mee d'Kapitulatioun ënnerschriwwen huet. Nach deselwechten Dag huet d'Regierung hie fir "verhënnert" erkläert, "seng Ämter auszeféieren". De Leopold huet sech selwer als "Krichsgefaangene" consderéiert an huet de ganze Krich duerch mat senger Famill um Schlass Laeken ënner Hausarrest gelieft. Seng Korrespondenz gouf zensuréiert, an hie krut just wéineg Besuch, meeschtens vu privater Säit. Hien huet evitéiert, politesch Handlungen auszeféieren, déi zu sengen Ongonschten hätten interpretéiert kënne ginn. No sengem Bestietnes mat der Lilian Baels, de 7. Dezember 1941, ass seng Fiktioun vun "Hausarrest" vun ëmmer méi Leit a Fro gestallt ginn, a si hunn him och virgeworf, näischt z'ënnerhuelen, datt et de Leit besser géing.

1944, nodeesm déi Alliéiert an der Normandie debarquéiert waren, huet den Heinrich Himmler de Leopold mat senger Famill an Däitschland, op d'Schlass Hirschstein a Sachsen, brénge gelooss. Wéi déi Alliéiert och do ëmmer méi no koumen, goufen s'op Strobl bei Salzburg bruecht, wou se schlussendlech 1945 vun der US-Arméi befreit goufen.

Seng Haltung während dem Krich huet tëscht 1944 an 1950 fir grouss Diskussiounen a Spannunge gefouert, der sougenannter Question royale: D'Parlament huet hien Enn 1944 weiderhi fir onfäheg erkläert, ze regéieren, a säi Brudder Charles (1903–1983), zum Regent ernannt. De Leopold goung dorops hin an d'Schwäiz an den Exil. 1946 huet eng Enquêtekommissioun vum Parlament hien awer vun der Uklo entlaascht, kollaboréiert ze hunn. 1950 koum et zu engem Referendum, ob de Leopold nees als Kinnek zréckkomme soll. No engem positive Resultat huet d'Parlament dunn offiziell festgestallt, datt de Leopold nees kapabel wier, ze regéieren. Mä wéi de Kinnek den 22. Juli 1950 an d'Belsch zréckkoum, koum et zu Streiken a Protester. D'Flame waren an der Majoritéit fir de Leopold; d'Majoritéit vun de Walloune wollten awer datt e sollt ofdanken. Fir d'Eeenheet vum Land an d'Monarchie z'erhalen, huet de Leopold III. de 16. Juli 1951 zu Gonschte vu sengem Jong Baudouin ofgedankt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leopold III of Belgium – Biller, Videoen oder Audiodateien