Diskussioun:Joséphine-Charlotte vun der Belsch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

ech wees net, ob déi "dynastie-këscht" heihigehéiert: d'mme j-c war "just" d'fra vum staatschef an huet deemno keng constitutionnell roll gespillt (grad esou wéineg wéi de prënz felix, mann vun der groussherzogin charlotte). -)-Zinneke 16:00, 22 Mäerz 2006 (UTC)

An deem Sënn wier eigentlech och net den Henri Nofollger vun der Groussherzogin, mee d'Maria Teresa, oder? Myriam 16:24, 22 Mäerz 2006 (UTC)

jo an neen. am fong spillt d'fra/de mann vum staatschef keng weider roll am staat, ewéi, fir nowues ze suergen - sou ass dat nun eempl an ierfmonarchien. deementspriechend hunn se och keen nofolger (et sief dann - biologesch gesinn - hir kanner). --Zinneke 23:12, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Also loosse mer den "Henri" stoen? Myriam 23:19, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Kann ee no der Këscht kucken? Ech weess net wéi een dat ännert (Amtszäit, Virgänger, Nofolger). Merci am Viraus :-) Myriam 08:11, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Ass gemaach. Du muss bei dësen Templates trotzdem alles stoe loossen, soss gëtt en net eenz. Da muss een zur Nout (wéi ech lo hei gemaach hunn) een "/" oder "-" dohinnersetzen, wann dat wat do steet net fir dës Persoun gëllt --Briséisβρισεισ 11:14, 23 Mäerz 2006 (UTC)