Diskussioun:Jean-François Eydt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass de Mann 1808 gebuer (dat Joer fënnt ee praktesch iwwerall) oder 1809 (Wikipedia a Loutsch?). Ech hunn grad deen Deel vum Loutsch sengem Artikel net, wou iwwer de Franz Eydt Rieds ass; dorfir kann ech och net direkt selwer kontrolléieren, ob net vläicht en Tippfeeler virleit. --Jamcelsus (Diskussioun) 15:33, 7. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, de LuxLex seet och 1808. --Les Meloures (Diskussioun) 20:46, 7. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

Charles Eydt[Quelltext änneren]

Moien, eventuel säi Jong? Heira geet och vum Moulin d'Eydt Rieds. --Jwh (Diskussioun) 00:02, 15. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Villa Baldauff oder Villa Schaefer?[Quelltext änneren]

Moien, ech fäerten do läit eng Verwiesslung vir.

Am lo just publizéierte Wierk "Lëtzebuerg Modern, déclaration d'amour à la capitale", schreift de Robert Philippart, ech denke mol 't ass hien, well hie fir d'Texter zeechent, op Säit 167 iwwer d'Villa Baldauff:

Cette ancienne villa est construite en 1880 par l'architecte Pierre Kemp, pour le propriétaire-rentier et industriel, Eugène Kerckhoff.

...Les rails qu'on remarque dans la cour, rappellent qu'un des derniers propriétaires, Hubert Baldauff, était collectionneur de locomotives.

Dann op der Säit 166, iwwer d'Villa Schaefer:

Située jadis à l'emplacement actuel de la résidence archiépicopale et voisine de la villa Baldauff, cette villa est érigée en 1869 par l'architect de la ville, Jean-François Eydt, alors en retraite.

...L'architecte Eydt, opérant ici en tant qu'architecte privé, avait acquis le terrain en janvier 1869 pour le compte de Ferdinand von Schaefer, directeur de banque et consul général à Vienne, qui venait passer sa retraite à Luxembourg

1958 gouf dann d'Villa Schaefer ofgerappt fir do den neie Bëschofspalais ze bauen.

Deemno géing eng Verwiesselung vun den Haiser virleien. En plus geet beim Philippart och néirens Rieds, datt den Eydt an engem vun den zwee Haiser gewunnt hätt oder gestuerwe wier.

Am Artikel gëtt de Jean-Claude Loutsch als Referenz zitéiert, ech hunn déi Broschür leider net. --Jwh (Diskussioun) 01:27, 20. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend,

Ech sinn elo just op déi selwecht Fro gestouss: Baldauff oder Schaefer? - Menger Meenung no ass et awer esou wéi de Robert Philippart am „Lëtzebuerg Moderne“ schreift, dat deckt sech nämlech mat engem Artikel aus „Ons Stad“ (Nr 2/1979, Säit 19: Aus der Geschichte des Stadtparks) wou dëst ze liesen ass: „Auf dem Teil des Fort Peter, auf dem heute das Bischöfliche Palais steht und der im Januar 1869 für 8 150 F verkauft wurde, baute Architekt Eydt die Villa Schaefer.

Deemno hätt den Eydt - op däer Plaz wou haut de Bëschofspalais ass - d'Villa Schaefer gebaut (déi forcément haut net méi besteet); niewendrun hat de Kemp d'Villa Schaefer gebaut, déi haut nach erhalen ass. --GilPe (Diskussioun) 22:18, 4. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, De Schluss vun dengem Saz ass e bësse konfus: et misst wuel heeschen datt de Kemp Villa Baldauff gebaut huet.
Net sou schlëmm fir den Eydt, deem bleift nach ëmmer Villa Vauban, par contre riskéiert de Kemp nach ze staunen, wann dem Edmond de Rothschild säi Bagger e Feeler mécht... --Jwh (Diskussioun) 00:07, 5. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]
Ohlala, wa bis eng Kéier de Wuerm drann ass... jo, et misst natierlech sinn: Eydt = Villa Schaefer a Kemp = Villa Baldauff. Sorry fir den Duercherneen, et war gëschter schonn e bësse spéit... --GilPe (Diskussioun) 18:34, 5. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]
Weem sees d'et ... --Jwh (Diskussioun) 18:57, 5. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]