Benotzer Diskussioun:Jamcelsus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moien Jamcelsus,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Request for translation. Yanka Kupala and Yakub Kolas[Quelltext änneren]

Warm greeting from Belarusian Wikipedia! This year we celebrate 130. birthday of Belarusian great poets en:Yanka Kupala and en:Yakub Kolas Could you help us to translate articles into your unique and honourable language? Thank you in advance! --Rymchonak 16:28, 14. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Les Meloures 21:20, 11. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut Jamcelsus, et hunn sech glat 2 Leit gläichzäiteg ëm däi Problem bekëmmert. D'Schabloun fënns Du hei: Schabloun:Infobox Déieren. Fir Froen zu de Schablounen fir Planzen a Déieren, wend dëch roueg un d'Alexandra, hat huet se gemach an ass dee Spezialist op dëser Wiki fir déi Problemer. E schéine Bonjour an d'Abteistad vum --PlayMistyForMe 19:49, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,

Hues du eng Anung wouhier déi zwou Schreifweise fir d'Bëschkiefer hierkommen. Et fënnt ee se ënner pinus sylvestris a pinus silvestris mat einfachem i.

Watereng ass déi méi besser gutt richteg. Fir mech war et ëmmer den einfachen i.

Les Meloures 17:45, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Merci fir d'Info Les Meloures 18:23, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Mam Duerchmiesser vun der Douglasdänn beim Meesebuerger Schlass schéngt mer eppes beim Duerchmisser net ze stëmmen. 23 m ass e bësselche vill, souguer 2,3 m wier knapps ze gleewen. Kanns de emol nokucke w.e.g. Les Meloures 16:35, 20. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

ass verbessert ginn (0,54 m ≠ 23 m) --Jamcelsus 17:12, 20. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien. Mer léieren a leschter Zäit vill interessant Iechternacher Leit hei kennen. Gëtt et vun deene keng Billerportraiten? --Cornischong 07:35, 23. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

mir si keng bekannt. Et wir sëcher interessant, méi genau dono ze sichen. --Jamcelsus 07:44, 23. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
Ech hat e bëssen ze séier geschoss, an net un s'all geduecht. Hei sinn e puer Referenzen, wou Photoen ze fanne sinn:
  • Spang, Paul (1965): La reconstruction de la basilique d'Echternach en 1862. Oeuvre du "Willibrordus-Bauverein". - Hémecht 1965 (2): 125-147. (Dr. Becker, Portrait, S. 136 , Collection Dr Jean-Claude Loutsch. Photo Marcel Schroeder)
  • Arendt, Karl (1904-1910): Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Bd. 1-6. Neuauflage. Luxemburg, Ed. Kutter, 1972. (JP Brimmeyr, Portr. S. 119).
  • Notice biographique sur Jean-Baptiste Reinhard. - Recueil des Mémoires et Travaux publiés par la Société de Botanique du G.-D. de Luxembourg, 12(1887-1889): 37-40, 1 portr. [page de garde].
Ech hun se awer net an enger Qualitéit, déi ze gebrauche wier; an dann gëtt et jo nach de Copyright, deen ze kläre wier. --Jamcelsus 10:51, 23. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudde Mëtteg Jamcelsus.
Dat ass ee vun de spezielle Fäll. Verschidden englesch Wierder wéi Jazz, Joker, Cent, Jeep, Jogging oder Job fänke mat engem d oder t un, deen net geschriwwen, mee ausgeschwat gëtt. Alt eng Eifeler Foussaangel méi. --Cornischong 14:51, 18. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,

Ech hunn emol op der Diskussiounssäit d'Koordinate vum Schortgenmonument agesat, sou wéi ech et an Ërennerung hunn. Kanns de mol kucken op déi stëmmen?

Merci am Viraus.

Les Meloures 08:48, 26. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Hei am Fe gfeier[Quelltext änneren]

Gudden Owend. Tjo, ech komme mer hei all Dag méi wéi am Feegfeier vir. Bei all Geleeënheet kommen Zweifelen op; huet deen een den DLW an en hält sech un deen, da kënnt nees ee gelaf mam franséischen Zwilling an deem "Eppes anescht" steet. Steet e Verb am "Les verbes luxembourgeois" an dëser Form, da weist de Luxogramm eng aner. Virun enger Zäit krut ech vun engem vun eisen Chefsproochmatessen op Ufro ausdrécklech konfirméiert datt dat däitscht "jüdisch" op Lëtzebuergesch "jiddesch" ass. Elo liesen ech am LOD, an deem de gudde Mann matschafft, datt et "jüddesch" geschriwwe gëtt. Wann ech hei an engem Artikel déi éischt zwanzeg Schreiffeeler verbessert hunn, dann hunn ech es genuch fir eng Zäitchen. A wann ee vun de Fachleit mer wëll bäibrengen, datt d'Substantiv "e Segel" ass, an d'Verb "seegelen" (am Eescht!! kuck der och den DLW un!!) an dat selwecht bei "d'Regel" a "reegelen", da brauchst de keng onkultivéiert frech Trëllerten hei (mer nenne jo lo keng Nimm, gell) fir es lues a lues genuch ze hunn. De Fall Feegfeier ass kloer; den "e" gëtt laang ausgeschwat, da gëtt en "ee" geschriwwen. Wa mer dat net wëllen unhuelen, dann ass wierklech Happ a Malz verluer (--> Segel, Regel ..). Ech krut och eng Erklärung, firwat dat mat dem Ënnerscheed Substantiv/Verb esou gemaach gëtt. Ech soen der se léiwer net, well du gleefs mer se net. --Cornischong 17:52, 4. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]


Salut,

Den Artikel vum finalen N wier jo net sou schlecht, wann de Müller sech selwer dru gehal hätt. Et kënnen awer och Setzfeeler sinn.

Eng schéi Woch gewënscht.

Les Meloures 09:54, 25. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Nobody is perfect! --Jamcelsus 14:38, 25. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Artikel Frinn Zürn[Quelltext änneren]

Moien,

Kannst du w.e.g. mol e Bléck op d'Diskussioun:Frinn Zürn werfen.--Fliedermaus 08:52, 2. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Artikel Jean Gremling[Quelltext änneren]

Moien,

Kannst du w.e.g. mol e Bléck op d'Diskussioun:Jean Gremling werfen.--Fliedermaus 11:47, 12. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Kuck emol an deng Mailbox w.e.g.

Les Meloures 11:25, 14. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Artikel: Jean Klein (1823-1890)[Quelltext änneren]

Salut,

Am Artikel Schetzel ass e Jean Klein verlinkt. Ass dat de selwechte wéi den Deche vu Réimech?

Les Meloures 17:41, 15. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech géif soen. Indiz: D'Bichelchen iwwer de Schetzel. (Mee et wier gutt, dat eng Kéier ze kontrolléieren.) --Jamcelsus 17:46, 15. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Soll ech en dann emol op dee verlinken, fir en aus de Homonymie erauszekréien? Les Meloures 17:50, 15. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech gesinn du wars méi séier. Hat dat verpasst. :-( Les Meloures 17:59, 15. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

De Jean Klein, dee Paschtouer zu Weimeschkierch war, an de Jean Klein, Deche vu Réimech, sinn eng an déiselwescht Persoun (Ref.: Luxemburger Wort, 20.11.1862, S. 3.). — --Jamcelsus 07:38, 16. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Buergermeeschtere vun Iechternach[Quelltext änneren]

Moien,

Am Artkel Rodolphe Brimmeyr steet eng Referenz "Maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach." Wier et eventuell méiglech d'Lëscht vun de Buegermeeschtere am Artikel Iechternach mat Hëllef vun där Quell ze complétéieren (an ze verbessere wann et néideg ass). Ech kommen net virun do. Merci am Viraus.--Fliedermaus 14:58, 7. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech maachen dat an nächster Zäit. --Jamcelsus 16:18, 7. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Villmols merci fir den Asaz! Dat gesäit esou scho vill besser aus. Ech hunn och mol nach den Dominique Zimmer dobäigesat. --Fliedermaus 07:44, 8. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

An och nach merci fir de Rescht. Elo schéngt d'Lëscht jo komplett ze sinn.--Fliedermaus 11:03, 8. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Mail an denger Këscht. Les Meloures 09:45, 28. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]


Gudde Moien,

Kanns de emol kucken ob s de dësem Bild eng Lizenz verpasse kanns. .

Les Meloures 09:09, 3. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,

PDF ass an der Këscht Les Meloures 08:19, 6. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Naturpark 1879[Quelltext änneren]

Moien,

Weess du eppes iwwer den Iechternacher Naturpark deen ëm 1879 ugluecht gouf? Iddi Staatsminister Eyschen, Pläng vum Hartmann, ausgefouert vum Kondukter Dondelinger. ??? Les Meloures 08:50, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

1879 gouf de Naturpark Mëllerdall (Heinrichspark) am Mëllerdall selwer an net zu Iechternach amenagéiert, 1880 d'Aesbach zu Iechternach. cf. Massard, J.A., 2001. Aspects historiques de l’histoire naturelle du Mullerthal et de ses environs. Annuaire de la Ville d’Echternach 2001: 31-55.
J.A. Massard: Müllerthal und Kleine Luxemburger Schweiz: Natur und Tourismus im Luxemburger Sandsteingebiet im historischen Rückblick. In: Y. Krippel (Hrsg.): Die Kleine Luxemburger Schweiz: Geheimnisvolle Felsenlandschaft im Wandel der Zeit. 1. Aufl. Société des naturalistes luxembourgeois, Musée national d’histoire naturelle, Administration des eaux et forêts, Luxemburg 2005, S. 14-33 [Bibliographie: 241-242]. Dono koum d'Géigend "ënner der Lann" un d'Rei (doriwwer geet Rieds an engem Zeitungsartikel, deen ech am gaange sinn ze schreiwen an deen an e puer Woche wäert fäerdeg sinn). --Jamcelsus 10:07, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]



E perséinleche Merci un de Jamcelsus fir seng gutt Redaktioun a minutiéis Dokumentatiounsaarbecht op der lb:Wiki.

-- Les Meloures 17:40, 21. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

Luuss emol vläicht eng Kéier dohinner. Merci am Viraus -- Les Meloures 09:03, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Hi! I originally asumed that this Fichier:Croix de justice echternach1979.jpg was own work. Author was stated as "Raymond Thoma". But now you just uploaded File:Haerdcheslee bloc.jpg with the author "Jos Massard". Perhaps you could clarify which files are own work and how you found the files that is not your own photos? --MGA73 17:40, 6. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

The File:Haerdcheslee bloc.jpg is my own work. The file Fichier:Croix de justice echternach1979.jpg corresponds to the scan of a picture made for me by the freelance photographer Raymond Thoma († 1988) which I used as an illustration for a newspaper article and is now part of my private collection.--Jamcelsus 16:02, 8. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Joseph Dahlheim / Joseph Dahlmann[Quelltext änneren]

Moien,

Am Artikel Sophia-Universitéit (Tokio) hunn ech "Joseph Dahlheim" duerch "Joseph Dahlmann" ersat. Ass dat esou richteg?--Fliedermaus 10:51, 14. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci! Dat ass ganz richteg. Do war wuel e Knuet an enger vun de Circonvolutioune vu mengem Gehier. --Jamcelsus 12:49, 14. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Files uploaded with a permission[Quelltext änneren]

Hi! I noticed that you have uploaded some files with a permission from author. Perhaps you could forward the permission to permissions-commons@wikimedia.org together with a link to the file on lb-wiki to users that take care of the permissions will know which file the permission is good for? That way the file can be moved to Commons and used on other Wikipedias. --MGA73 22:31, 27. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

It's done. --Jamcelsus 08:40, 28. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]
The following file can be deleted: http://lb.wikipedia.org/wiki/Fichier:Mens_en_aarde.pdf --Jamcelsus 08:40, 28. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]
Thank you very much. I deleted the pdf. I will look at the permission at once.
Do you happen to have a permission for Fichier:Theves Georges.JPG that can be forwarded to OTRS also? If you (still) have mails/permissions for old uploads like Fichier:Arnold georges echternach.jpg it would also be good if you could send those.
For future uploads/permissions it would be best if copyright holder confirms that they agree to a specific license (for example Creative Commons Nummnennung-Weidergab ënnert de selwechte Bedingungen 3.0 Lëtzebuerg). --MGA73 16:46, 28. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Schnuck Plein[Quelltext änneren]

Gebuertsdeeg

Esou wéi d'Gebuertsdeeg vun de Käler Éierebuergermeeschter op der Wiki stinn, sinn se richteg. Ech hunn elo just mam "Schnuck" driwwer geschwat! SITCK (Diskussioun) 14:36, 12. Mäe. 2012 (UTC) e schéine Mëtteg nach.[äntweren]

Moie Jamcelsus
Kuck der vläicht d'Diskussiounssäit vun deem Artikel emol un.
Mat engem schéine Bonjour an d'Ländchen.
--Les Meloures (Diskussioun) 22:25, 15. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,

Dir hutt et vläit scho gesinn - do hätt gären ee bei Commons en Acte vum Notär... --Jwh (Diskussioun) 19:05, 21. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Hi. Just to be sure. This file is own work? --MGA73 (Diskussioun) 17:22, 22. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

Moie Jamcelsus,

wier et Der, als Auteur vun deem Bild, eventuell méiglech, ëm eng fräi Lizenz ze ginn? Fair Use ass do net méiglech, an déi eenzeg Alternativ wier, et ze läschen. Merci am viraus! --Zinneke (Diskussioun) 16:17, 29. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

File permission problem with File:Schmitt edmond 2012.jpg[Quelltext änneren]

Merci, datt Der de Fichier Fichier:Schmitt edmond 2012.jpg eropgelueden hutt. Ech hu gesinn datt Der dem Fichier zwar eng valabel Lizenz gitt hutt, mee et feelt em nach e Beweis, datt den Auteur dovunner och mat där Lizenz averstanen ass.

Wann Dir dëst Bild/dëse Video/dëst Toundokument komplett selwer geschafen hutt, mee et virdrun schonns anwousch anescht (besonnesch Online) publizéiert hutt, misst Der:

  • um Site, wou et fir d'éischt publizéiert gouf, eng Notiz bäisetzen, datt et erlaabt ass (esou wéi hei) d'Bild ënner CC-BY-SA-Lizenz oder soss enger akzeptabeler fräier Lizenz weiderzegebrauchen (kuckt dës Lëscht); oder
  • eng E-mail schécken, déi mat deem Site, wou de Fichier als éischt publizéiert gouf, am Zesummenhang steet, an zwar un permissions-commons@wikimedia.org (Note: Gitt an där Mail e Link op de Fichier um Site esou wéi och deem hei op Wikipedia un (datt ee Benevolë vun OTRS dat einfach iwwerpréife kann), a confirméiert, datt Dir den Auteur vun deem Material sidd, an datt Der et ënner der genannter fräier Lizenz wëllt publizéieren. Dir kënnt hei oder hei e Beispillsbréif vun ensou enger Erlabnes fannen. Wann Der dat maacht, setzt dësen Text: {{OTRS pending}} op d'Beschreiwungssäit vum Fichier datt en net fréizäiteg geläscht gëtt.

Wann Der dëst Bild/dëse Video/dëst Toundokument net komplett selwer geschafen hutt, frot w.e.gl den Auteur dovunner, eng vun den uewe beschriwwenen Aktiounen ze maachen. Falls en Iech d'Erlabnes scho virdru via Email ginn huet, da schéckt dës Mail virun un permissions-commons@wikimedia.org.

Wann Der der Meenung sidd, datt de Fichier d'Critèrë vun Wikipedia:EDP erfëllt (an nëmmen dann), kënnt Der ausnamsweis en Tag ewéi {{Bild-FU}} oder soss een aus der Kategorie:Schabloune fir Billerlizenzen eraussichen, an dann eng genee Beschreiwung (rationale) derbäisëtzen, déi de Gebrauch vum Fichier an engem bestëmmten Artikel justifiéiert.

Wann Der nach aner Fichieren eropgelueden hutt, wier et gutt, Der gifft iwwerpréiwen, ob Der do de Beweis uginn hutt, datt de Besëtzer vum Copyright et erlaabt huet, datt Der hiert Wierk ënner där Lizenz, déi Der uginn hutt, publizéiert huet. D'Lëscht vun de Fichieren, déi Der eropgelueden hutt, fannt Der hei. Biller, déi keng nogewisen Erlabnes hunn, kënnen eng Woch, nodeems se identifizéiert ("getagged") goufen, geläscht ginn. Wann Der dozou iergend eng Fro hutt, zéckt net, se ze stellen. Merci am viraus. MGA73 (Diskussioun) 20:47, 8. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

Same with Fichier:Annuaire echternach 1994.jpg thank you. --MGA73 (Diskussioun) 21:05, 8. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]


Kinnt dir mir dann kuerz erklaeren wei een eng Foto asetzt? --195.46.241.229

Op der Haaptsäit an d'Geschirkëscht goen, do “Eroplueden” uklickken, dann op der “Säit Eroplueden” den Instruktioune follegen: case: “choisir le fichier”, etc. Achtung: eng Lizenz auswielen! --Jamcelsus (Diskussioun) 08:43, 19. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]
Do war de Jamcelsus méi séier wéi ech. Ech giff just nach derbäisoen, datt nodeems datt der d'Bild eropgelueden hutt, der nach de Code [[Fichier:NUMMVUMFICHIER.jpg|thumb|BILDBESCHREIWUNG]] an den Artikel setze musst. Wichteg och: "fräi Lizenz" heescht entweder datt där d'Foto selwer gemaach hutt am ëffentleche Raum an dann och selwer decidéiere kënnt fir d'Bild ënnert eng fräi Lizenz ze setzen, oder datt den Auteur vun der Foto äech d'Foto mat esou enger fräier Lizenz iwwerlooss huet. Op alle Fall ëmmer d'Source vun der Foto uginn (also entweder där selwer, eng aner Persoun, WikiCommons, etc., mee op kee Fall "op enger Websäit geklaut"). -Otets 08:52, 19. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]

Wiki-Iesen[Quelltext änneren]

Moie Jamcelsus, um Stamminee diskutéiere mer grad den Datum vun engem Wiki-Iessen. Vläit wëlls de och derbäi kommen? Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 17:24, 25. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]


Moie Jamcelsus,
Kanns du der dës Diskussioun emol ukucken. --Les Meloures (Diskussioun) 15:42, 10. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Marcelle Dauphin[Quelltext änneren]

Guten Tag Jamcelsus, Danke Dir für die Verbesserungen an "meinem" Marcelle-Dauphin-Artikel. ;-)) Als nächstes würde ich gern einen Artikel über Le Freeport Luxembourg erstellen. Könntest Du mir da zuarbeiten bzw. Korrekturlesen? Vielleicht brauche ich auch noch Quellen. Ich weiss, das ist nicht direkt Dein Themenbereich, aber ich bin über Yves Bouvier auf das Thema gestossen, einen Schweizer, und damit schliesst sich für mich der Kreis wieder. Herzlicher Gruss, Lantus (Diskussioun) 08:20, 6. Mee 2015 (UTC)[äntweren]

Moien,

Den normale Bierger mécht awer wuel den Ënnerscheed:

Bsp.: Si hunn eng Grupp (w) ausgesschalt = (si hunn eng Grupp éliminéiert)

Si hunn de Grupp (m) ausgeschalt = (si hunn deen Apparat dee Stroum produzéiert ausgeschalt)

Mä wann Dir léiwer zweedeiteg schreift da soll et mir och gutt stoen.

81.243.44.80 21:05, 10. Jun. 2015 (UTC)[äntweren]

Fir d'éischt emol Merci, datt dir mäin Text kontrolléiert hutt. Wat är Bemierkung ubelaangt, sou verstinn ech wuel, wéi dir dat mengt, mä ech hale mech trotzdem léiwer un den Dictionnaire (Luxemburger Wörterbuch, Bd. 2, S. 87: Grupp F. und M.: Gruppe). – Wann dir "de Grupp" (m) ausschalt, dann denkt dir un "groupe électrogène" (m), a wann ech "een Aarbechtsgrupp" (m) schreiwen, dann denken ech un "groupe de travail" (m); wann een un "Arbeitsgruppe" (w) denkt, da schreift een éischter "eng Aarbechtsgrupp" (w). Béides ass also richteg, et schéngt mir just eng Saach vun der sproochlecher Approche ze sinn.--Jamcelsus (Diskussioun) 06:48, 11. Jun. 2015 (UTC)[äntweren]

Wiki-Iessen am Juegdschlass, den 21. Mee, mëttes[Quelltext änneren]

Moien,

Du has et vläit net gesinn: de Samschden, 21. Mee, hu mer eist Wiki-Mëttegiessen am Café-Restaurant Juegdschlass (vun 12 Auer u fir den Apero, Iesse géint Halwer eng/eng Auer). Den MMFE këmmert sech deemno ëm d'Reservatioun. Vläit kanns D'och kommen? Dro dech da vläit just um Stamminee an.

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 19:55, 12. Mee 2016 (UTC)[äntweren]

Bonjour,

Den aktuelle Lemma Mécken bezitt sech nëmmen op d'Brachycera. D'Chironomiden sinn awer Nematocera

Misst dann net vläicht iwwer de Lemma nogeduecht ginn oder wéinstens well mer keen extraen Numm fir déi zwéin hunn explizéiert ginn wat eng Méck eigentlech op Lëtzebuergesch heescht.? --81.244.214.71 13:40, 12. Mee 2017 (UTC)[äntweren]

Dat ass och meng Meenung. --Jamcelsus (Diskussioun) 15:45, 12. Mee 2017 (UTC)[äntweren]

Steve Duarte[Quelltext änneren]

Salut,

Ech hunn deng Meenung an eng Läschschabloun gesat an den Artikel steet elo op der Läschsäit zu Debatt. Et wier gutt wanns de deng Stëmm an deng Meenung do géifs ofginn.

--Les Meloures (Diskussioun) 14:49, 31. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]

Share your experience and feedback as a Wikimedian in this global survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 18:40, 29. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]

Reminder: Share your feedback in this Wikimedia survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 01:38, 13. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Your feedback matters: Final reminder to take the global Wikimedia survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 00:48, 20. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Source of file[Quelltext änneren]

Hi! Did you take this photo Fichier:Edmond Schmitt.jpg? If yes perhaps you could add a note about it on the file page? --MGA73 (Diskussioun) 20:21, 6. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

I got this picture from Edmond Schmitt himself in order to publish it on Wikipedia. --Jamcelsus (Diskussioun) 22:05, 6. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]
Thank you. Im not sure that is enough for Commons so I think we should let it stay here on lb.wiki. --MGA73 (Diskussioun) 22:10, 6. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

Hi! Do you still have the book where you found this photo? You wrote "Photo Artois". Who is Artois and when did (s)he die? Perhaps the full name is listed in the book? --MGA73 (Diskussioun) 18:13, 18. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

Jos Artois was a photographer in Echternach (Luxembourg), born in 1893 (?). --Jamcelsus (Diskussioun) 09:02, 23. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]
Thank you. I think that info should be added to file page :-) --MGA73 (Diskussioun) 19:13, 23. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

You mention a permission. Do you have any permissions left that you have not allready sent to OTRS?

And on Fichier:Oelschiefer Luxemburg.jpg it says "carte basée sur: G. Faber". If you could add any further information on files like that it would be nice. G. Could be George or Glenn or something else :-)

Well in short I try to trick you to go through Spezial:Billerlëscht/Jamcelsus to see if you can add further information ;-) --MGA73 (Diskussioun) 19:34, 13. Mee 2020 (UTC)[äntweren]

We sent you an e-mail[Quelltext änneren]

Hello Jamcelsus,

Really sorry for the inconvenience. This is a gentle note to request that you check your email. We sent you a message titled "The Community Insights survey is coming!". If you have questions, email surveys@wikimedia.org.

You can see my explanation here.

MediaWiki message delivery (Diskussioun) 18:52, 25. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Wikiiessen 2022[Quelltext änneren]

Léiwe Wikikolleeg,

Ech invitéieren dech e Samschden, den 29. 1. 2022 op eist Wikiiessen mat uschléissender Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg. Weider Detailer stinn um Staminee. Ech géif mech freeën. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 15:22, 22. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]

Ech si leider verhënnert. Jamcelsus (Diskussioun) 16:08, 22. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]